Camionsexplosioun zu Maartel

Vu Wikipedia

D'Camionsexplosioun zu Maartel war en Accident, bei deem en Tankcamion, iwwer deen de Chauffeur d'Kontroll verluer hat, an dee mat 47.000 Liter flëssegem Gas geluede war, den 21. August 1967 zu Maartel an d'Sauerbréck geknuppt an explodéiert ass, woubäi 22 Leit ëm d'Liewe koumen.

Beschreiwung[änneren | Quelltext änneren]

Den Tankcamion, deen enger franséischer Firma gehéiert huet, war ënnerwee vu Beek an Holland op Saint-Avold a Loutrengen. Op der N4, am géie Biergof virun der Uertschaft, huet de Chauffeur an der schaarfer Lénkskéier just virun der Uertschaft d'Kontroll iwwer säi Won verluer, soudatt en ënnen am Dall, matzen an der Uertschaft, an d'Mauer vun der Sauerbréck geknuppt an direkt explodéiert ass. Duerch dës gewalteg Explosioun an d'Feier, dat duerch d'Feierbull entstanen ass, goufen 13 Haiser an engem Ëmkrees vun Honnerte vu Meter beschiedegt oder zerstéiert; 22 Leit koumen ëm d'Liewen a 54 goufen der zum Deel schwéier blesséiert, vill dovun hate schwéier Brandwonnen.

Deeler vum Camion ware bis e puer honnert Meter wäit ewechgeschleidert ginn. Déi genee Ursaach vun der Katastroph (de Chauffeur war ënnert den Doudesaffer), sief et ze héich Vitess, en Defekt un de Bremsen, oder Onopmiersamkeet, konnt net méi ermëttelt ginn.

Kuerz virum Accident ware ronn 300 Leit um Kierfecht zesummekomm, well op Kiermesméindeg d'Griewer geseent goufen. Déi meescht ware grad nees fort, wéi d'Accident geschitt ass. Wier dëst eng Véierelsstonn éischter gewiescht, hätt de Bilan kënnen nach vill méi dramatesch ausfalen.

Erënnerungsplack op der Bréck

Haut[änneren | Quelltext änneren]

Eenzel zerstéiert Haiser goufen net méi opgeriicht. Haut erënnert e Monument, nieft der Bréck, un d'Accident. All Dag fueren nach ëmmer eng 10.000 Gefierer, dorënner eng jett Camionen, duerch d'Uertschaft. Am Biergof virun der Uertschaft goufe grouss Warnschëlter opgeriicht, Radaren an Auslafspuere fir Camionen, am Fall wa se Problemer mam Bremsen hätten.

Quell/Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]