Camp McCain

Vu Wikipedia

De Camp McCain gouf 1942, am Zweete Weltkrich, als Infanterie-Ausbildungszenter fir d'US-Arméi am Grenada County bei Elliott am US-Bundesstaat Mississippi ugeluecht. Säin Numm erënnert un de Major General Henry P. McCain (1861-1941).

Déi 87. a 94. Infanteriedivisioune sinn am Camp McCain fir hire Kampfasaz an Europa ausgebilt ginn. Een Deel vum Camp war awer och nach e Gefaangelager, wou ronn 7.700 Wehrmachtszaldoten als Krichsgefaangen ënnerbruecht waren, ënnert hinnen de lëtzebuergeschen Zwangsrekrutéierte Charles Waringo.

Camp McCain ass de 15. Oktober 1944 zougemaacht ginn. De Gros vum Terrain gouf 1946 verkaf. De Rescht benotzt de Staat Mississippi zënter 1947 als Ausbildungscamp fir seng Nationalgarde.

Quellen[änneren | Quelltext änneren]

  • Camp McCain Training Center – Mississippi National Guard. [1]
  • Camp McCain. [2]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]