Camptochaeta luxemburgensis

Vu Wikipedia
Dëse Biologiesartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
Camptochaeta luxemburgensis

Systematik
Räich: Déiereräich
Stamm: Arthropoden
Klass: Hexapoda
Uerdnung: Diptera
Ënneruerdnung: Nematocera
Famill: Sciaridae
Gattung: Camptochaeta
Wëssenschaftlechen Numm
Camptochaeta luxemburgensis
Heller, Hippa & Vilkamaa, 2016

Camptochaeta luxemburgensis ass eng Dipterenaart aus der Famill vun de Sciaridae. Si gouf 2016 vun den Entomologe Kai Heller, Heikki Hippa a Pekka Vilkamaa als nei Aart beschriwwen[1].

D'Aart ass zu Lëtzebuerg endeemesch, de bekannten Areal läit nëmmen an der Minière Doihl an der Gemeng Péiteng[2]. Den Holotyp vun der Aart ass 2014 vum Dieter Weber an där Minière gesammelt ginn[3] an ass elo an der Sammlung vum Naturmusée.

D'Camptochaeta luxemburgensis ass en Troglobiont, deen 3–4 mm laang ass. Wéinst dem Liewen an Hielen huet d'Insekt d'Pigmentatioun verluer an huet eng kuerz Liewensdauer[2].

Se gesäit wéi d'Aart Camptochaeta ofenkaulis aus, déi an Däitschland virkënnt, awer geneetesch verschidden ass[1].

Den Holotype Specimen vun der Camptochaeta luxemburgensis aus dem Naturmusée.

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Weber, D. A.C. Frantz, H. Hippa, P. Vilkamaa, B. Rulik & K. Heller, 2017. – Camptochaeta luxemburgensis Heller, Hippa & Vilkamaa spec. nov. (Diptera: Sciaridae), a new cavernicolous species from Luxembourg. – Senckenberg Gesellschaft für Naturforschung. Studia dipterologica 23 (1) 2016: 117–123.

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. 1,0 1,1 https://www.mnhn.lu/science/2018/01/30/camptochaeta-luxemburgensis-heller-hippa-vilkamaa-spec-nov-diptera-sciaridae-a-new-cavernicolous-species-from-luxembourg/?lang=en
  2. 2,0 2,1 https://today.rtl.lu/news/science-and-environment/a/1130142.html
  3. Dieter Weber, Alain C. Frantz, Heikki Hippa, Pekka Vilkamaa, Björn Rulik, Kai Heller, Camptochaeta luxemburgensis Heller, Hippa & Vilkamaa spec. nov. (Diptera: Sciaridae), a cavernicolous species from Luxemburg. Studia dipterologica 177–123 (2016-01-02). Gekuckt de(n) 2021-08-09.