Canal de l'Est

Vu Wikipedia
De Canal de l'Est um Deel wou e Canal de la Meuse heescht, südlech vu Mouzay

De Canal de l'Est ass e franséische Kanal deen d'Meuse an d'Musel mat der Saône verbënnt.

Verlaf vum Kanal[änneren | Quelltext änneren]

E fänkt un zu Givet wou en Uschloss un den ieweschten Deel vun der kanaliséierter Meuse huet, an ass vun Troussey un iwwer 20 km en Deel vum Marne-Rhäin Kanal. Säin Terminus ass zu Port-sur-Saône an der Bourgogne-Franche-Comté. E gouf tëscht 1874 an 1887 gebaut, a seng total Längt ass 439 km.

Vu Givet bis op Troussey, wou en ufängt iwwer de Marne-Rhäin-Kanal weiderzelafen, krut déi al Bezeechnung Canal de l'Est branche Nord (CeBN) op enger Längt vun 272 km den neien Numm Canal de la Meuse. De südlechen Deel Canal de l'Est branche Sud (CeBS) vun Neuves-Maisons un, gouf op enger Längt vun 125 km a Canal des Vosges ëmgedeeft. Dës nei Nimm gëtt et zanter 2003.

Geschichtleches[änneren | Quelltext änneren]

Ëm 1776 kënnt fir d'éischt a Frankräich d'Iddi op fir ee Kanal ze bauen deen d'Musel mat der Saône soll verbannen, an och ee fir d'Meuse mat der Musel ze verbannen. De François-Michel Lecreulx, deen Ingenieur bei Ponts et Chaussées an der Provënz Loutrenge war, sollt ee Projet dofir ausschaffen.

Tëscht 1842 an 1847 mécht de Jean Philippe Lacordaire en neie Projet.

Den 1. Mee 1872 geet et richteg lass. Dem H. Frécot säin neie Projet gëtt vun der Commission d'Enquête an de Conseils généraux vun de betraffenen Departementer ugeholl. Dee Projet gesäit vir, d'Saône an de Rhône mat der Meuse ze verbannen, a sou den Uschloss un déi belsch Kanäl ze maachen. Mat deem Projet hunn d'Fransousen net brauchen duerch déi Gebidder ze fueren déi se 1871 un d'Preise verluer haten.

De 24. Mäerz 1874 gëtt d'Gesetz fir de Bau vum Canal de l'Est gestëmmt an den H. Frécot gëtt Ingénieur en chef-Directeur vum Service dee sech dodrëm soll këmmeren. D'Bauzäit gouf op 8 Joer festgesat an d'Käschte goufen op 65 Millioune Frang geschat. Ee Syndikat vun de 5 betraffenenen Departementer soll dem Staat déi Soue virstrecken.

Schleisen an aner Konstruktiounen um Kanal[änneren | Quelltext änneren]

Bekannt Konstruktiounen ausser de ville Schleisen sinn d'Dréibréck vu Selles an der Haute-Saône (zanter 2001 als Monument historique klasséiert), d'Kanalbréck vu Flavigny, d'Kanalbréck vu Châtel-sur-Moselle an d'Dréibréck vun Thunimont.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Canal de l'Est (Deel: Canal de la Meuse) – Biller, Videoen oder Audiodateien
Commons: Canal de l'Est (Deel: Canal des Vosges) – Biller, Videoen oder Audiodateien