Cape Canaveral AFS Launch Complex 2
Ausgesinn
| CCAFS LC-2 | |
|---|---|
| Kategorie | Orbital Launch Site |
| Bedreiwer | US Air Force |
| Launch-Pads | 1 |
| Rakéiten | Snark |
| Éischte Start | 18. Februar 1954 |
| Leschte Start | 6. Abrëll 1960 |
| Starten Total | 15 |
| Status | inaktiv |
| Koordinaten | 28° 27’ 55.91’’ N 80° 32’ 10.24’’ W |
De Cape Canaveral AFS Launch Complex 2 (LC-2) ass eng Startramp vun der Cape Canaveral Air Force Station op Merritt Island, Cape Canaveral a Florida, USA déi netz méi benotzt gëtt. Si gouf tëscht 1954 an 1960 fir 15 Starte fir d'Entwécklung a fir Tester vun Snark-Marschfluchkierper gebraucht.
Geschicht
[änneren | Quelltext änneren]Ufanks gouf d'Startramp zesumme mam LC-1, LC-3 an LC-4 fir de Snark-Marschfluchkierper-Programm gebaut. Den éischte Start war den 18. Februar 1954. De Startkomplex gouf bis de 6. Abrëll 1960 fir Marschfluchkierper benotzt.
Duerno gouf hien als Helikopterlandeplaz wärend dem Mercury-Programm gebraucht. Fir d'lescht gouf d'Startplaz an den 1980er Jore fir Radarballone benotzt.
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]- (en) Encyclopedia Astronautica: LC-2
