Cargolux

Vu Wikipedia
00 De Contenu vun dësem Kapitel oder dësem Artikel ass net vollstänneg oder net méi aktuell. Hëlleft wgl. mat, en ze komplettéieren oder nees op de leschte Stand ze bréngen.


Cargolux Airlines International S.A.
Typ Aktiegesellschaft
Slogan you name it, we fly it!
Grënnungsdatum 4. Mäerz 1970
Sëtz Fluchhafe Lëtzebuerg
L-2990 Sandweiler
Lëtzebuerg
Leedung Tom Weisgerber
(President Verwaltungsrot)[1]
Mataarbechter > 2000 (weltwäit)[1]
Branche Aviatioun
Homepage www.cargolux.com


Flott vun der Cargolux am Mee 2018
Immatrikulatioun Fliger Geliwwert
LX-ECV Boeing 747-400ERF 30.10.2013
LX-FCL Boeing 747-400F 19.10.2015
LX-GCL Boeing 747-400F 22.08.2016
LX-ICL Boeing 747-400F 13.09.2017
LX-JCV Boeing 747-400ERF 27.05.2015
LX-OCV Boeing 747-400F 12.07.1999
LX-RCV Boeing 747-400F 23.11.1999
LX-SCV Boeing 747-400F 06.08.2001
LX-TCV Boeing 747-400F 22.08.2002
LX-UCV Boeing 747-400F 22.04.2004
LX-VCV Boeing 747-400F 23.11.2005
LX-WCV Boeing 747-400F 06.08.2007
LX-YCV Boeing 747-400F 21.07.2008
LX-VCA Boeing 747-8F 08.03.2013
LX-VCB Boeing 747-8F 12.10.2011
LX-VCC Boeing 747-8F 23.03.2012
LX-VCD Boeing 747-8F 13.10.2011
LX-VCE Boeing 747-8F 24.05.2012
LX-VCF Boeing 747-8F 12.09.2012
LX-VCG Boeing 747-8F 19.11.2012
LX-VCH Boeing 747-8F 15.05.2013
LX-VCI Boeing 747-8F 26.09.2013
LX-VCJ Boeing 747-8F 30.09.2014
LX-VCK Boeing 747-8F 24.07.2014
LX-VCL Boeing 747-8F 05.03.2015
LX-VCM Boeing 747-8F 28.09.2015
LX-VCN Boeing 747-8F 29.09.2016
Wetlease
Cargolux B747-400F
D'Cargolux war zu Shanghai op d'Nues gefall, well d'Maintenance Personal iertemlecherweis dat viischt Rad eragezunn hat.

D'Cargolux Airlines International S.A., kuerz Cargolux ass eng lëtzebuergesch Fluchgesellschaft.

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

D'Cargolux ass am Mäerz 1970 ënner anerem zesumme vun der Luxair, der Salen Shipping Group, der Loftleidir Icelandic gegrënnt ginn. D'Gesellschaft huet mat enger CL-44 ugefaangen, déi am Ufank vu Lëtzebuerg aus an déi deemoleg brittesch Krounkolonie Hong Kong geflunn ass. Se haten en éischte Fligerverloscht den 2. Dezember 1970 ze verzeechne wéi d'CL-44 TF-LLG bei engem Transport mat Hëllefsmëttele fir d'Schwäizer Rout Kräiz an der Géigend vu Bangladesch eng onkontrolléiert Noutlandung gemaach huet, bei där déi véier Besatzungsmemberen ëm d'Liewe koumen[2].

Vun där Zort Fligere waren et der 1973 5 Stéck, dat selwecht Joer gouf och eng DC-8 vu McDonnell Douglas kaaft.

  • 1974 hunn d'Cargolux an d'Loftleidir Icelandic hir Maintenance an Ingenieursberäicher zesummegeluecht.
  • 1975 huet d'Cargolux dunn nei Bürosgebaier an 2 nei Hangare kritt.
  • 1979 ass en Tournant an der Geschicht vun der Cargolux: Seattle liwwert déi éischt Boeing 747-200F.
  • 1982 ënnerschreift China Airlines als éischt Fluchgesellschaft eng strateegesch Allianz mat der Cargolux.
  • 1984 gëtt déi lescht DC-8 aus dem Verkéier gezunn, andeems zur selwechter Zäit déi drëtt Boeing 747-200F agesat gëtt.
  • 1990 si weider 2 Boeing 747-200F bei d'Flott derbäikomm.
  • 1993 ass déi éischt Boeing 747-400F zu Lëtzebuerg ukomm an d'Cargolux gëtt domat weltwäit déi éischt Cargogesellschaft déi dëse Fligertyp asetzt. 1999 sinn et schonn zéng Maschinne vun deem Typ.
  • De 14. November 2005 huet Cargolux als éischt Fluchgesellschaft zéng nei Boeing 747-8F bestallt. Si hat domat grad sou wéi bei der Commande vun de B747-400F den 13. September 1989 d'Nues vir.
  • Den 19. Mäerz 2007 huet d'Cargolux 3 weider B747-8F Transportere bestallt.
  • Den 13. Oktober 2011 huet d'Cargolux déi éischt B747-8F geliwwert kritt.
  • De 24. Mäerz 2012 huet d'Cargolux déi drëtt B747-8F geliwwert kritt.
  • De 25. Mee 2012 huet d'Cargolux déi véiert B747-8F geliwwert kritt.
Cargolux Boeing 747-8.
  • Den 13. September 2012 huet d'Cargolux déi 5. B747-8F geliwwert kritt.
  • Den 8. Mäerz 2013 huet d'Cargolux déi 7. B747-8F geliwwert kritt.[3]
  • Am Mee 2023 op der "Paris-Air-Show" huet Cargolux bekannt gemaach, dass si 10 nei Boeing 7778F bestallt huet. Déi Boeinge géifen d'Boeinge 747-4 ersetzen; d' Liwwerung ass tëscht 2024 an 2028 geplangt.

Aktionariat[änneren | Quelltext änneren]

Den 9. Juni 2011, hunn de Luc Frieden an de Claude Wiseler, am Numm vum Lëtzebuerger Staat, e Kontrakt ënnerschriwwen, mat deem 35 % vun der Cargolux un d'ING iwwerdroe goufen, déi se da fir 117,5 Milliounen Euro u Qatar Airways verkaf huet. De Staat hat deemools 8,02 % vun de Parte vu Cargolux, 85 % waren an der Hand vun der Luxair, der SNCI an der Spuerkeess[4].

Am Oktober 2012 gouf bekannt, datt bei deem Deal déi (para-)ëffentlech Undeelseegener (Staat, Luxair, Spuerkeess, SNCI) hir Aktien zu engem wäit méi niddrege Präis ofgetrueden hu wéi verschidde Privatinvestisseuren (ë. a. BIP Investment Partners a Lux-Avantage). Sou soll dem Lëtzebuerger Land no d'BIP 42,354 Milliounen US-Dollar vum Verkaf vu sengen Aktie kritt hunn (dovun der 20,4 Millioune fir hir 461 600 Virzuchsaktien; iwwerdeems d'Luxair 27,75 Milliounen Dollar kritt huet, obwuel se, wa se d'selwecht behandelt gi wier, 101 Milliounen Dollar méi fir hir Virzuchsaktien hätt kéinte kréien. Genee sou hätt d'Spuerkeess, déi 6,976 Milliounen Dollar krut, bei gläicher Behandlung der 25,5 Milliounen USD méi fir hir Virzuchaktie kéinte kréien, an d'SNCI der 20,5 Milliounen drop op déi 6,8 Milliounen, déi se krut[4].

Am Januar 2013 huet Qatar Airways seng Bedeelegung nees verkaf. De selwechte Mount gouf de Paul Helminger zum President vum Verwaltungsrot nominéiert[5].

An de Méint duerno gouf en neie Koaktionär gesicht. De 15. Januar 2014 huet déi chineesesch HNCA 120 Milliounen US-Dollar 35 % vun de Parten iwwerholl. Deen Accord gesäit ë. a. den Developpement vun enger sougenannter "Dual Hub Strategy" vir, mat engem europäesche Logistikzenter um Fluchhafe Lëtzebuerg an engem chineeseschen um Fluchhafe vu Zhengzhou. HNCA huet sech dozou engagéiert, der Cargolux hiert Kapital am Fréijoer 2014 mat ze erhéijen[6]. Den Dirk Reich ersetzt de Richard Forson als Generaldirekter. 2013 hat Cargolux en Ëmsaz vun 1.988,5 Milliarden Dollar an en Nettogewënn vun 8,4 Milliounen Dollar.

Nodeems den Dirk Reich 2016 zeréckgetruede war, gouf de Richard Forson nees Generaldirekter[7],[8].

Nom Doud vum Paul Helminger am Abrëll 2021, gouf d'Christianne Wickler nei Presidentin vum Verwaltungsrot[9],[10]. Si gouf no hirer Demissioun am Mäerz 2023 duerch den Tom Weisgerber ersat.[11]

Destinatiounen[änneren | Quelltext änneren]

D'Cargolux operéiert op 90 Destinatiounen, dovu 57 reegelméisseg :

Afrika[änneren | Quelltext änneren]

Abidjan - Accra - Johannesburg - Kinshasa - Lagos

Amerika[änneren | Quelltext änneren]

Bogota - Calgary - Chicago - Curitiba - Guadalajara - Houston - Latacunga - Los Angeles - Mexiko - New York - Panama - Rio de Janeiro - San Francisco - Santiago - São Paulo - Seattle

Asien[änneren | Quelltext änneren]

Baku - Bangkok - Charjah - Chennai - Hong Kong - Istanbul - Karachi - Komatsu - Kuala Lumpur - Seoul - Shanghai - Singapur - Taipeh

Europa[änneren | Quelltext änneren]

Barcelona - Budapest - Glasgow - Helsinki - Lëtzebuerg - Maastricht - Mailand

Noen Osten[änneren | Quelltext änneren]

Abu Dhabi - Beirut - Damaskus - Dubaï - Kuwait

Australien an Ozeanien[änneren | Quelltext änneren]

Auckland - Melbourne

Basisdaten[änneren | Quelltext änneren]

(Stand: 2014)

  • Frachtopkommen: 753 848 Tonnen
  • Geflunnen Tonnekilometer: 5700 Mio.
Gewënn / Verloscht an US-$
2001 15 Mio.
2002 49 Mio.
2003 70 Mio.
2004 83 Mio.
2005 78 Mio.
2006 83 Mio.
2007 -47 Mio.
2008 -61 Mio.
2009 -153.30 Mio.
2010 59 Mio.
2011 -18,3 Mio.
2012 -35,1 Mio.
2013 8,4 Mio.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Cargolux – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten[Quelltext änneren]

  1. 1,0 1,1 Cargolux appoints new Chairman of the Board of Directors. www.cargolux.com (28.04.2021) Gearchiveerd op 2021-05-02. Gekuckt de(n) 02.05.2021.
  2. Rapport op aviation-safety.net
  3. Pressematdeelung vun der Cargolux iwwer hir 6. B747-8 Gearchiveerd op 2016-03-05. Gekuckt de(n) 2013-03-10.
  4. 4,0 4,1 Véronique Poujol: "Traitement asymétrique." d'Lëtzebuerger Land, 26.10.2012; op land.lu an Déis.: "Le 'Friedengate' fera-t-il long feu ?" d'Lëtzebuerger Land, 2.11.2012; op land.lu.
  5. "Cargolux-Verwaltungsrot: Helminger neie President." RTL.lu - 15.01.2013, 07:05 | Fir d'lescht aktualiséiert: 15.01.2013, 16:16.
  6. "Cargolux-HNCA-Deal: Chineese bezuelen 120 Milliounen Dollar fir 35 % vu Parten." rtl.lu, Leschten Update: 15.01.2014, 07:49.
  7. Cargolux: Forson neie Generaldirekter, Maxim Strauss neien 2. Mann. www.rtl.lu. Gekuckt de(n) 2021-05-02.
  8. Corporate Governance - Cargolux. www.cargolux.com. Gekuckt de(n) 2021-05-02.
  9. Nei Presidentin: Christianne Wickler eestëmmeg vu Cargolux-Aktionnären ugeholl. www.rtl.lu. Gekuckt de(n) 2021-05-02.
  10. Cargolux appoints new Chairman of the Board of Directors - Cargolux. www.cargolux.com. Gekuckt de(n) 2021-05-02.
  11. "Cargolux Verwaltungsrot: Christianne Wickler demissionéiert, Tom Weisgerber wäert iwwerhuelen." rtl.lu, 31.03.2023.