Op den Inhalt sprangen

Carl Sagan

Vu Wikipedia
Carl Sagan
Gebuer 9. November 1934
Brooklyn
Gestuerwen 20. Dezember 1996
Seattle
Alter 62 Joer
Doudesursaach Longenentzündung
Nationalitéit USA
Educatioun University of Chicago,
University of Chicago,
University of Chicago
Aktivitéit Kosmolog, Astrophysiker, Romancier, Planetolog, Weltraumwëssenschaftler, Science-Fiction-Schrëftsteller, Wëssenschaftsauteur, Astronom, Universitéitsprofesser, Schrëftsteller, Saachbuchauteur, Physiker, Dréibuchauteur, Naturalist, Fernseemoderator
Member vun American Philosophical Society, American Academy of Arts and Sciences, International Astronomesch Unioun, American Astronomical Society, American Association for the Advancement of Science, American Physical Society
Auszeechnungen Humanist vun Joer
Famill
Bestuet mat Linda Salzman Sagan (6.4.1968–1981),
Lynn Margulis (16.6.1957–1965),
Ann Druyan (1.6.1981–20.12.1996)
Kanner Dorion Sagan, Jeremy Sagan, Nick Sagan, Samuel Sagan
Websäit https://carlsagan.com

De Carl Edward Sagan, gebuer den 9. November 1934 zu New York City a gestuerwen den 20. Dezember 1996 zu Seattle, war en US-amerikaneschen Astronom, Astrophysiker, Exobiolog, Tëleesmoderator a Schrëftsteller vu Sachbicher an engem Roman.

Liewen a Wierk

[änneren | Quelltext änneren]
De Cover vum Voyager Golden Record mat "interstellaren" Uweisung fir de Gebrauch.
De Carl Sagan am Joer 1987.

Säin Doktertitel an der Astronomie an der Astrophysik krut de Carl Sagan 1960 op der Universitéit Chicago. Seng Promotiounsaarbecht huet d'Méiglechkeet vum Liewen op anere Planéiten behandelt an zum wëssenschaftlechen Interessi un der Sich no ausserierdescher Intelligenz (SETI) bäigedroen. Hie war Professer a Laboratoiresdirekter op der Universitéit Cornell an huet zu ville wichtegen onbemannte Weltraummissioune bäigedroen, déi d'Sonnesystem erfuerscht hunn. Hien war eng vun de Persounen, déi d'Iddi haten, eng friddlech Noriicht vun der Mënschheet un engem Raumschëff unzebréngen, déi vun enger ausserierdescher Intelligenz verstane ka ginn. Dës Botschaft huet hie mat de gëllenen Dateplacken (Voyager Golden Records) realiséiert, déi 1977 un d'Raumsonde Voyager 1 a Voyager 2 montéiert goufen.

De Carl Sagan huet den dräizéngdeelegen Televisiounsdocumentaire Cosmos: A Personal Voyage geschriwwen a moderéiert, deen op Däitsch Unser Kosmos an op Franséisch just Cosmos heescht. En ass 1980 gelaf a gouf mat engem Peabody Award an zwee Emmy Awards ausgezeechent. Aus där Tëleesserie ass d'Buch mam selwechten Numm entstanen, dat sech iwwer 70 Woche laang an der New-York-Times-Bestsellerlëscht gehalen huet an ee vun de meeschtverkaaften engleschsproochege Wëssenschaftsbicher ass. Doriwwer eraus huet de Sagan populärwëssenschaftlech Bicher wéi The Dragons of Eden geschriwwen, fir dat hien 1978 mat dem renomméierte Pulitzer-Präis fir Sachbicher ausgezeechent gouf. 1985 huet hie mat Contact e Science-Fiction-Roman erausbruecht, deen 1997 ënnert demselwechten Titel mat der Jodie Foster an der Haaptroll verfilmt gouf.

De Sagan war Grënnungsmember vum Committee for the Scientific Investigation of Claims of the Paranormal (CSICOP) a Member bei der Skeptics Society, zwou Organisatiounen vun der Skeptikerbeweegung. Donieft war hien och an enger Rei Organisatiounen täteg, déi sech mat Astronomie a Planetologie beschäftegt hunn; esou war hien de Matgrënner an éischte President vun der Planetary Society, de President vun der Division of Planetary Sciences vun der American Astronomical Society, de President vun der Sektioun fir Planetologie vun der American Geophysical Union, de President vun der Sektioun fir Astronomie bei der American Association for the Advancement of Science an 12 Joer laang Editeur vun Icarus, enger Fachzäitschrëft fir planetaresch Fuerschung.

Och als Aktivist war hien aktiv. De Carl Sagan war de Coauteur vum Schreiwen, dat 1983 virun de Gefore vun engem nukleare Wanter gewarnt huet. An den 1980er huet hie géint ënnerierdesch Atomtester an Nevada demonstréiert an op d'Risike vum Klimawandel, dee vun de Mënsche verursaacht gëtt, higewisen.

Privatliewen an Doud

[änneren | Quelltext änneren]

De Carl Sagan war dräimol bestuet. 1957 huet hien d'Biologin Lynn Margulis bestuet, déi duerch d'Endosymbiontentheorie bekannt gi war. Mat hier hat hien zwee Kanner. 1968 huet hien d'Kënschtlerin Linda Salzman bestuet; zesumme si d'Eltere vum Schrëftsteller an Dréibuchauteur Nick Sagan. Vun 1981 bis zu sengem Doud war e mat der Ann Druyan bestuet, déi och d'Coauteurin vun e puer vu senger Bicher an der Tëleesserie Cosmos war. Si kruten zesummen zwee Kanner.

No enger laanger a schwéierer Krankheet (Myelodysplasie) ass de Carl Sagan am Alter vun 62 Joer gestuerwen. Am posthum publizéierte Buch Billions and Billions stinn e puer vu senge leschten Texter.

De Carl Sagan gëlt als Inspiratioun fir eng ganz Generatioun vu Wëssenschaftler a Wëssenschaftsvermëttler.

No him sinn d'Carl-Sagan-Medail an den Carl Sagan Memorial Award benannt. D'Universitéit u Chicago huet e Präis no him benannt, d'Sagan Teaching Awards.

1997 gouf d'Landeeenheet vun der Mars-Pathfinder-Missioun zu sengen Éiere op Carl Sagan Memorial Station ëmgedeeft. No him gouf och den Asteroid (2709) Sagan benannt, deen 1982 vum E. Bowell entdeckt gouf.

Auszeechnungen (Auswiel)

[änneren | Quelltext änneren]
  • 1974: John W. Campbell Memorial Award fir dat bescht Sachbuch (The Cosmic Connection)
  • 1977: NASA Distinguished Public Service Medal vun der NASA
  • 1978: Pulitzer-Präis
  • 1978: Memberschaft bei der American Academy of Arts and Sciences
  • 1981: Hugo Award, Bescht Sachbuch fir Cosmos
  • 1982: John F. Kennedy Astronautics Award vun der American Astronautical Society
  • 1985: Leo Szilard Lectureship Award
  • 1986: Locus Award fir de beschten Debütroman (Contact)
  • 1990: Oersted Medal
  • 1994: Isaac Asimov Award vum Committee for Skeptical Inquiry
  • 1995: Memberschaft bei der American Philosophical Society
  • 2013: Solstice Award (posthum)

Literatur (Auswiel)

[änneren | Quelltext änneren]
  • Sagan, Carl. The Dragons of Eden: Speculations on the Evolution of Human Intelligence. New York: Random House, 1977.
  • Sagan, Carl. Broca's Brain: Reflections on the Romance of Science. New York: Random House, 1979.
  • Sagan, Carl; Ann Druyan. Cosmos. New York: Random House, 1980.
  • Sagan, Carl. Contact. New York: Simon & Schuster, 1985.
  • Sagan, Carl; Ann Druyan. Pale Blue Dot: A Vision of the Human Future in Space. New York: Random House, 1994.
  • Sagan, Carl; Ann Druyan. The Demon-Haunted World: Science as a Candle in the Dark. New York: Random House, 1995.
 Commons: Carl Sagan – Biller, Videoen oder Audiodateien