Carlo Nogo

Vu Wikipedia
Op d'Navigatioun wiesselen Op d'Siche wiesselen
Fairytale Trash Questionmark.png Et gouf virgeschloen, dësen Artikel ze läschen, an e gouf an d'Lëscht vun de Säiten déi geläscht solle ginn agedroen. Och Dir sidd invitéiert, Är Meenung dozouzeschreiwen. Grond: Relevanzcritèren.

Carlo Nogo, Alias vum ... gebuer den ... zu ..., ass de Solo-Projet vum Carlo[onkloer], Gitarist vun Nogo Stunts.

De Projet huet offiziell 2010 ugefaang a gëtt parallel zu Nogo Stunts gefouert.

Et ass bis dato e renge Studio-Projet.

No engem éischten Demo-Album deen 2014 gratis verdeelt gouf ass 2017 déi éischt offiziell EP erauskomm.

Säit 2018 ass all offiziell EP op der Bandcamp-Säit vum Carlo Nogo digital erhältlech.

Stil[änneren | Quelltext änneren]

De Projet Carlo Nogo huet sech net op e Stil festgeluecht, obwuel all Lidd instrumental a Gitar-orientéiert ass, a meeschtens eng Song-Struktur huet. Alternative, Stoner, Psychedelic Rock, Osteuropäesch-Folk, Surf an Jazz Elementer kommen ëfters erëm. D’EP „Lost in the Krapula“ weist souguer Thrash-Metal an 80er Rock Elementer op.

D'Song-Titele bezéie sech op Beobachtungen, Liewenserfahrungen, Film a Literatur woubäi Humor an Ironie net ausgeschloss sinn.

Diskographie[änneren | Quelltext änneren]

-Patchwork – digital EP (2017)

-Lost in the Krapula – digital EP (2018)

-Foggy Morning – digital EP (2018)

-Poste-frontière – digital EP (2019)

-Le long du fleuve – digital EP (2020)

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]