Carlo Türk
| Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran. |
| Carlo Türk | |
|---|---|
| Gebuertsnumm | Carl Adolph Ferdinand Türk |
| Gebuer |
6. November 1888 Lëtzebuerg |
| Gestuerwen |
9. Juli 1969 Lëtzebuerg |
| Aktivitéit | Banquier, Jurist |
|
| |
De Carlo Türk (och als Carlo Turk ernimmt), gebuer als Carl Adolph Ferdinand Türk de 6. November 1888 an der Stad Lëtzebuerg[1][2], an och do gestuerwen den 9. Juli 1969[3][2], war e lëtzebuergesche Jurist a Banquier.
Hie kënnt aus enger Banquiersfamill: säi Grousspapp, de Charles Türk, war 50 Joer laang Direkter vun der BIL, an och säi Papp, den Adolphe Türk, war an der Direktioun vun där selwechter Bank.
De Carlo Türk huet sengersäits 1916 bei der BIL ugefaange mat Schaffen. 1926 huet hien do demissionéiert a gouf Direkter vun der Generalbank (BGL)[4]. Vun 1955 bis 1969 war hie Member am Verwaltungsrot vun der BGL.[5]
Vun 1948 bis 1953 war hie President vun der ABBL.
Hie war mat der Marie-Thérèse Jacquinot bestuet, der Duechter vum Charles Jacquinot, engem Industrielle vu Beetebuerg.[6]
Gielercher
[änneren | Quelltext änneren]De Carlo Türk ass mat follgende Gielercher dekoréiert ginn[3]:
Commandeur avec couronne vum Ordre de Mérite civil et militaire d'Adolphe de Nassau
Officier vum Ordre de la couronne de chêne
Commandeur vum Ordre de Léopold II
- Stär vun der 1. Klass am Uerde vun der italieenescher Solidaritéit (it. Stella della solidarietà italiana)
Referenzen
[Quelltext änneren]- ↑ De Carlo Türk op www.luxracines.lu
- 1 2 (de) Gebuertsakt Nr. 427 vum 6. November 1888 vun der Stad Lëtzebuerg mat Stierfinfo S. 243. Ville de Luxembourg, Archives nationales (06.11.1888). Gekuckt den 18.01.2026.
- 1 2 Avis de décès 3 Page 12. In: Luxemburger Wort, 122. Jg., n° 192 (11.07.1969), p. 12 [Numérisé par la Bibliothèque nationale du Luxembourg].
- ↑ Josiane Weber, Familien der Oberschicht in Luxemburg: Elitenbildung & Lebenswelten 1850-1900, 2013, S. 366.
- ↑ Carlo Hemmer, Banque Générale du Luxembourg 50, 1919-1969, Luxembourg, Banque Générale du Luxembourg, 1969, S. 164.
- ↑ Industrien vun der Famill Jacquinot industrie.lu (nogekuckt: 10.01.2026).
