Carlo Vögele

Vu Wikipedia
Carlo Vögele
Gebuer 2. November 1981
Lëtzebuerg
Nationalitéit Lëtzebuerg
Educatioun Gobelins,
California Institute of the Arts
Aktivitéit Regisseur

De Carlo Vögele (oder Vogele), gebuer den 2. November 1981 zu Lëtzebuerg, ass e lëtzebuergesch-däitschen Animatiounsfilmmécher.

Hien huet zu Berlin studéiert, duerno op der Gobelins-Billerschoul zu Paräis. 2008, bei engem Auslandssemester um California Institute of the Arts, krut seng Ofschlossaarbecht For Sox' Sake den éischte Präis. Gläich drop gouf hie bei Pixar engagéiert, wou hie vun 2009 bis 2017 ë. a. bei Toy Story 3 a Cars 2 matgeschafft huet,[1] a fir de Film Brave de Papp an déi 3 Lords animéiert huet.

Fir säi Kuerzfilm Una Furtiva Lagrima krut hien 2012 de Präis fir de beschte Kuerzfilm um Internationalen Animatiounsfilm-Festival vun Annecy. De Film, a Stop-Motion-Technik Bild fir Bild opgeholl, weist engem Fësch seng lescht Minutten tëscht dem Fëschmaart an der Pan, wou e gebrode gëtt, iwwerdeems en dem Gaetano Donizetti seng Serenad Una furtiva lagrima (mat der Stëmm vum Enrico Caruso) séngt...[2] Och en anere Kuerzfilm, Wurst, och nees a Stop-Motion, wou Wirschtecher a Pouleten wéi Mënschen op der Plage an der Sonn leien, ze broden, hat Succès doruechter.

Am Mäerz 2022 koum säin éischten Animatiouns-Long-métrage, Icare eraus. Dëse gouf als lëtzebuergesche Bäitrag fir d'Oscar-Nominatiounen 2023 virgeschloen[3],[4].

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. "Rêve californien", entretien avec Christian Mosar. D'Lëtzebuerger Land Nr.31, 3. August 2012, S.17.
  2. Marie-Amandine (Pseud.): "A fish called Enrico", in: Den neie Feierkrop Nr.892, 22. Juni 2012, S.4.
  3. "Regisseur Carlo Vogele vertrëtt Lëtzebuerg bei den Oscars." rtl.lu, 23.09.2022.
  4. "Icare défendra les couleurs du Luxembourg dans la course aux Oscars." lessentiel.lu, 23.09.2022.