Op den Inhalt sprangen

Carloh

Vu Wikipedia
Carloh-Logo
Carloh-Autoen op der Statioun Rossini zu Gaasperech

Carloh war e Carsharing-Service an der Stad Lëtzebuerg, dee vu Carsharing Luxembourg SA, enger Gesellschaft déi der Stad Lëtzebuerg zu 97 % gehéiert huet, vum 8. Oktober 2015 bis den 31. Dezember 2025 bedriwwe gouf.

D'Iddi fir e Carsharing-Service an der Haaptstad ze lancéieren, geet op e Virschlag vum deemolege Schäffe François Bausch vun 2011 zeréck. D'Ëmsetze vum Projet huet e bësse méi laang gedauert, haaptsächlech wéinst juristesche Froen. De Carloh-Service ass schliisslech den 8. Oktober 2015 opgaangen. Deemools bestounge fënnef Statioune mat zéng Dieselautoen. Et hat ee sech op eng ënnescht Limitt vu 400 Abonnente gëeenegt, ier d'Zuel vun de Statiounen erhéicht géif.

Op Grond vum Erfolleg vum Service, goufen 2016 an 2017 nei Statiounen um Lampertsbierg, zu Gaasperech, op der Gare an um Kierchbierg opgemaach, an et koumen och Elektro- a Bensinnsautoen an de Fuerpark derbäi.

Am Oktober 2025 huet d'Stad Lëtzebuerg matgedeelt, datt mat der Ëmsetzung vum „Mobilitéitsplang fir muer“ a mam gemeinsamen Zil, fir d'Carsharing-Offer nohalteg auszebauen, decidéiert gouf, de Carloh-Service den 1. Januar 2026 an den nationale Flex-Service vun CFL Mobility z'integréieren[1].

Bestanddeeler

[änneren | Quelltext änneren]

Carloh huet verschidde Modeller a véier Klassen ugebueden[2]:

  • „S“ (Verbrenner-Stadautoen): Ford Fiesta, Opel Corsa, Opel Corsa Edition, Peugeot 208 (manuell oder automatesch), Seat Ibiza (manuell oder automatesch)
  • „Se“ (Elektro-Stadautoen): Renault Zoé
  • „M“ (Kompaktvan): Ford Focus (manuell oder automatesch), Opel Astra Sports Tourer
  • „L“ (Camionnette): Opel Vivaro.

Carloh huet mat fënnef Statiounen ugefaangen (Lampertsbierg, Belair, Uewerstad, Gare a Bouneweg), duerno koumen der nach véier derbäi (Kierchbierg, Gaasperech, Rond-point Schuman, Rocade de Bounevoie), woubäi déi zwou lescht genannt mat Opluedstatioune fir Elektroautoen ekipéiert sinn.

Am Abrëll 2025 gouf et am Ganze 25 Statiounen: Beggen (1 Statioun), Belair (2), Bouneweg (4), Eech (1), Gaasperech (2), Gare (3), Hollerech (2), Kierchbierg/Kiem (2), Lampertsbierg (3), Märel (1), Rollengergronn (1), Zens (1) an Uewerstad (2)[2].

En Auto muss ëmmer op déi Statioun zeréckbruecht ginn, wou en ausgeléint gouf.

 Commons: Carloh – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten

[Quelltext änneren]
  1. (de) Carloh wird FLEX | Ville de Luxembourg. www.vdl.lu. Gekuckt de 15.10.2025.
  2. 1 2 (fr) Carloh Car Sharing. www.carloh.lu. Gekuckt den 29.04.2025.