Carmen Heyar

Vu Wikipedia
Carmen Heyar
Gebuer 21. Juni 1959
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Komponist

D'Carmen Heyar, gebuer den 21. Juni 1959 an der Stad Lëtzebuerg, ass Schrëftstellerin a Musekerin.

D'Carmen Heyar ass zu Esch opgewuess an huet 1978 de Mëttelschouldiplom am Beräich Biologie et Social zu Wolz gemaach.

Se huet zu Witten vun 1986-89 e fräit Studium am Beräich Musek, Literatur an Theater absolvéiert; klassesche Gesank an der "Schule der Stimmenthüllung"; do Piano gespillt a Blockflütt ënnerriicht. Vun 1989-94 war se fräi Schülerin an der "Kulturmühle Lützelflüh".

D'Carmen Heyar huet bei der Grënnung vun der éischter lëtzebuergescher "Bio-Coopérative" an der Waldorfschoul Lëtzebuerg matgeschafft. Si war fir eng Mandatszäit Member vum Conseil National du Livre, a schreift op Däitsch a Franséisch.

Hir 3 Kanner si mëttlerweil erwuessen a sinn an der Kultur an an der Wëssenschaft täteg.

Wierker

Literatur

  • Bicherrezensiounen, Concerts- a Konschtkritiken (1999-2008) (L.W.; L.L.; J; t; k)
  • Lyrik an Novellen (2002-2007) nos cahiers Lëtzebuerger Zäitschrëft fir Kultur a Les Cahiers Luxembourgeois
  • "Sonne, Mond und Schiwa", 1° recueil de poèmes (2003)
  • Anthologie: "Lyrik und Prosa unserer Zeit", Bd 2, (2005): Gedichtssammlung
  • Collection Deutscher Erzähler, Bd 5, (2006): Novelle: "Grusel und sein Glück"
  • "Chichiyokohanachichi", 2° recueil de poèmes (2007)

Musek

  • 1990-92: Musekspedagogin an der Waldorfschoul
  • 1995: Cd-Lidd: Time Sellers
  • 1996: Un Instant: composition de jazz
  • 1995-99: Workshopleederin Stëmm, Beweegung a graphesch Notatioun

Theater

  • sozio-politeschen Improvisatiounstheater fir de grénge Stroum (70-er Joren)
  • "Spiele der Zeitenwende" Waldorfschoul Bochum-Langendreer (1988)
  • Musektheater mat Schoulklassen (1991-92)

Um Spaweck