Caroline Mart
Ausgesinn
Caroline Mart | |
---|---|
Gebuer |
10. Oktober 1960 Lëtzebuerg |
Nationalitéit | Lëtzebuerg |
Aktivitéit | Journalist |
Famill | |
Bestuet mat | Richard David Precht |
Papp | Marcel Mart |
D'Caroline Mart, gebuer den 10. Oktober 1960 zu Lëtzebuerg[1], ass eng lëtzebuergesch Journalistin.
Si ass zanter dem September 2007 stellvertriedend Chefredaktesch vun RTL Télé Lëtzebuerg.
D'Caroline Mart schafft zanter 1985 bei RTL a war noeneen, Journaliste-Presentatrice um Radio an dunn op der Tëlee, Responsabel fir d'Kultur a Chef fir d'Informatioun[2].
Si moderéiert all 14 Deeg d'Televisiounsemissioun Kloertext, eng Talkshow iwwer gesellschaftlech Theemen an och soss alt politesch Table rondë mat Invitéen am Studio.
Si ass d'Duechter vum DP-Politiker Marcel Mart.
Gielchen
[änneren | Quelltext änneren]- Chevalier vum Ordre de Mérite du Grand-Duché de Luxembourg (Promotioun 2016)[3]
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]- De Promi-Spot - Mam Caroline Mart op RTL-Play, 2022
Referenzen
[Quelltext änneren]- ↑ G. Hausemer: Luxemburger Lexikon. Luxemburg 2006, S. 285.
- ↑ "Réorganisation chez RTL Lëtzebuerg" Presse-Communiqué vum 13.09.2007, erëmginn op paperjam.lu
- ↑ 17.06.2016 - 23 Journalisten in nationalen Verdienstorden ausgezeichnet um Site vum Conseil de Presse