Op den Inhalt sprangen

Carrefour (Film)

Vu Wikipedia
Carrefour
Film
Produktiounsland Frankräich
Première 1938
Dauer 84 min
Faarf Schwaarz-Wäiss
Format 1,37:1
Originalsprooch Franséisch
Ekipp
Regie Kurt Bernhardt
Dréibuch André-Paul Antoine
Robert Liebmann
Curtis Bernhardt
Fotografie Léonce-Henri Burel
Georges Régnier
Musek Paul Dessau
Schnëtt Georges Lantz
Dekoren Jean d'Eaubonne
Raymond Gabutti
Produzent Eugène Tucherer
Produktiouns-
gesellschaft
B.U.P. Française
Schauspiller
Charles Vanel als Roger de Vétheuil
Jules Berry als Lucien Sarroux
Suzy Prim als Michèle Allain
Tania Fédor als Anna de Vétheuil
Marcelle Géniat als Madame Pelletier
Jean Claudio als Paul de Vétheuil
Otto Wallburg als Dr. Otto Breithaupt
Annie France
Palau
Marcel Melrac als Gendaarm
Paul Amiot
Christian Argentin als Affekot
Eddy Debray
Jean Tissier als Employé
Auguste Boverio als Pierre
Robert Rollis als Schüler
Jacques Cléry
Tony Murcy
Filmportal - Filmer no Joren - Film no Länner - Film no Genre

Carrefour ass e franséische Film vum Kurt Bernhardt aus dem Joer 1938 mam Charles Vanel a mam Jules Berry an den Haaptrollen.

Ëm wat geet et am Film?

[änneren | Quelltext änneren]

De Roger de Vetheuil, e räiche Fabrécksbesëtzer, leit ënner Amnesie, zanter en 1917 an der Somme-Schluecht vu Granate beschoss gi war. Enges Daags gëtt him virgeworf e gesichte Verbriecher, de Jean Pelletier, ze sinn. De Pelletier war déi gläich Zäit an op der selwechter Plaz wéi hien un der Front. Et kënnt zum Prozess géint de Pelletier. Eng Fra, d'Michèle Allain, schwiert, de Vetheuil wier de Pelletier, a si zwéi wiere fréier eng Koppel gewiescht. Ma en aneren Zeien, de Lucien Sarroux, seet aus, hien hätt de Pelletier a Marokko an engem Spidol stierwe gesinn. De Vetheuil gëtt fräigesprach, an hofft, säin normaalt Liewen nees ophuelen ze kënnen. Ma do taucht de Sarroux nees op, a behaapt, hien hätt de Vetheuil als Pelletier wuel erkannt, an erpresst en ëm Suen, fir dass en näischt soll soen...