Carte d'identité (Lëtzebuerg)

Vu Wikipedia
Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.

Zu Lëtzebuerg ass d'carte d'identité eent vun den offiziellen Identitéitsdokumenter. Se gouf zu Lëtzebuerg den 30. August 1939[1] mat engem Arrêté grand-ducal agefouert.

Zanter dem 1. Juli 2014 ass s'am Format vun enger Kreditkaart (ISO-Standard 7810) a se huet en elektroneschen Chip deen den héchsten internationale Sécherheetsnorme fir Reesdokumenter enstsprécht. Kaarten, déi nom August 2021 ausgi ginn, hunn op hirem Chip net nëmmen eng digialiséiert Versioun vun der Foto a vun der Ënnerschrëft gespäichert, ma och déi vun zwéi Fangerofdréck.[2]

All Lëtzebuerger dee méi al wéi 15 Joer ass, an an enger lëtzebuergescher Gemeng wunnt, muss eng Identitéitskaart hunn. Si ass 10 Joer gëlteg.[3],[4].

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Arrêté grand-ducal du 30 août 1939, portant introduction de la carte d'identité obligatoire.
  2. "Nei Carte d'identité, wat ännert?" rtl.lu, 13.07.2021:
  3. Règlement grand-ducal du 18 juin 2014 relatif à la carte d'identité.
  4. Règlement grand-ducal du 25 février 2015 modifiant le règlement grand-ducal du 18 juin 2014 relatif à la carte d'identité.