Op den Inhalt sprangen

Casa Grande - Casa dei Romagnoli

Vu Wikipedia
Casa Grande - Casa dei Romagnoli
Land Lëtzebuerg
Gemeng Esch-Uelzecht
Koordinaten 49°29'8,9"N, 5°58'40,3"O
Datum vum Bau 1905

D'Casa Grande - Casa dei Romagnoli ass een Haus an der Hiel (64, rue Jean-Pierre Bausch) zu Esch-Uelzecht.

Et gouf 1905 gebaut an et hunn en ettlech italieenesche Migrantefamilljen aus der Romagna do gewunnt.

An den 1930er an 1940er Joren hu sech verschidden Awunner, dorënner ë.a. de Luigi Peruzzi[1], am Antifaschismus engagéiert.

An den 1970er Jore sinn déi lescht Italieener aus dem Haus erausgeplënnert, an et koume portugisesch Familljen dran[2].

  • Scuto, Denis: "La Maison de Romagne", in: Lorang, Antoinette; Scuto, Denis: La maison d'en face - Das Haus gegenüber, Esch-sur-Alzette, 1995, pp. 93-96.
  • Scuto, Denis: "La Casa dei Romagnoli. L'aventure humaine d'une masion-symbole de l'immigration dans la Hoehl à Esch-sur-Alzette", in: Luxembourg-Italie. Hommage au Père Benito Gallo, Dudelange, 1999, pp. 132-139.

Referenzen

[Quelltext änneren]
  1. Luigi Peruzzi, Mes mémoires, Esch-sur-Alzette, Le Phare, 2002.
  2. Georges Buchler et al., Esch/Alzette - Geschichte und Architektur Stadtführer, Mersch, Capybarabooks, 2021, S. 113-115.