Cassiopeia A
Ausgesinn
| Cassiopeia A | |
| Stärebild: | (Cas)
|
| Daten (Equinoxe J2000.0) | |
| Rektaszensioun | 23h 23m 24s |
| Deklinatioun | +58° 48' 54" |
| Distanz | zirka 11000 Lj |
| Duerchmiesser | zirka 10 Lj |
| Absolut Hellegkeet | - 0,15 mag |
| Supernova | |
| Typ | IIb |
| Aner Bezeechnungen | |
| SNR G111.7-02.1 • 3C 461 | |
Cassiopeia A ass en Emissiounsniwwel am Stärebild Cassiopeia op enger Distanz vu ronn 11.000 Liichtjoer. Hien huet en Duerchmiesser vu ronn 10 Liichtjoer.
Et ass e Rescht vun enger Supernovaexplosioun, déi op der Äerd ëm d'Joer 1680 hätt kënnen observéiert ginn, wa se net hanner de Gas- a Stëbswolleke geschitt wier. Méiglecherweis war Cas A e Stär vun der sechster Gréisst, deen den Astronom John Flamsteed zu senger Zäit als Supernova observéiere konnt. Haut ass de Cassiopeia A déi stäerkst extrasolar Radioquell um Himmel. D'Radioquell gouf 1947 entdeckt, déi optesch Identifizéierung ass 1950 gelongen. Cassiopeia A war dee jéngste bekannte Supernovarescht) an eiser Galaxis bis zu der Entdeckung vum Supernovarescht SNR G1.9+0.3.
