Catalogue of Galaxies and of Clusters of Galaxies

Vu Wikipedia

De Catalogue of Galaxies and of Clusters of Galaxies, och kuerz Zwicky-Katalog, ass ee vum Fritz Zwicky a senge Mataarbechter zesummegestallte Katalog vu Galaxien a Galaxiëkéip. Als Ofkierzung fir de Katalog a säin Auteur sinn CGCG wéi och ZWG am Gebrauch.

Den Zwicky-Katalog ass op der Basis vu Fotoe vum Stärenhimmel entstanen. Am Ganze sti ronn 30.000 Galaxien an ongeféier 10.000 Galaxiëkéip dran. Tëscht 1961 an 1968 huet den Zwicky am California Institute of Technology am Ganze 6 Bänn vum Katalog publizéiert. Zil war et, all Galaxien, déi méi hell wéi 15,5 mag waren an nërdlech vun 30° südlecher Breet souwéi all hell Galaxiëkéip an dësem Gebitt z'erfaassen. Fir d'Galaxië sinn d'Positiounen an d'Hellegkeeten uginn. D'Galaxiëkéip sinn als oppen, mëttelkompakt resp. kompakt klassifizéiert. Memberzuelen, Positioun, Ausdeenung a geschaten Distanz sinn och ageschriwwen.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Portal Astronomie

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Herzog, E., Wild, P., Zwicky, F.: A New Catalogue of Bright Galaxies and Clusters of Galaxies. In: Publications of the Astronomical Society of the Pacific. 69. 1957, 409.
  • Zwicky F. et al.: Catalogue of galaxies and of clusters of galaxies. California Institute of Technology, 1961–1968, 6 Bände

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]