Catherine Connolly
Ausgesinn
| Catherine Connolly | |
|---|---|
|
| |
| Funktioun | |
|
10. President vun Irland | |
| 11. November 2025 - | |
| Virgänger | Michael D. Higgins |
| Partei | Onofhängeg |
| Biographie | |
| Gebuer |
12. Juli 1957 Galway |
| Nationalitéit | Irland |
| Educatioun |
National Universitéit vun Irland, Universitéit vu Leeds |
|
| |
D'Catherine Martina Ann Connolly (Gälesch: Caitríona Ní Chonghaile), gebuer den 12. Juli 1957 zu Galway, ass eng iresch Politikerin. Si ass zanter dem 11. November 2025 Presidentin von Irland.
Virdru war si ë. a. vun 1999 bis 2016 Member vum Gemengerot vun hirer Heemechtsstad Galway, an du vun 2004 bis 2005 Buergermeeschtesch, an och vun 2016 bis 2025 Deputéiert am Dáil Éireann.
Si huet Psychologie an Droit studéiert, an ë. a. als Psychologin an als Affekotin geschafft.
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]| Commons: Catherine Connolly – Biller, Videoen oder Audiodateien |
