Les Engagés

Vu Wikipedia
(Virugeleet vu(n) CdH)
Basisdonnéeën
Grënnungsdatum: 1945 als PSC-CVP
1972 als PSC
2002 als cdH
2022 als Les Engagés
Memberen: 26.069 (2010)[1]
President: Maxime Prévot
Ideologie: Zentrismus
Humanismums

virun 2022:
chrëschtdemokratesch-sozial
Faarwen: Turquoise
Europäesch Affiliatioun: Europäesch Vollekspartei
Websäit: www.lesengages.be

Les Engagés, kuerz LE, ass eng zentristesch Partei an den zwou frankophone Regioune vun der Belsch.

Si gouf 1945 als PSC-CVP gegrënnt; vun 1972, wou se sech vun hirer flämescher Sëschterpartei getrennt huet, bis 2002 war hiren Numm Parti social-chrétien (PSC). Dunn huet si den Numm Centre démocrate humaniste (cdH) ugeholl. Déi Nummännerung huet hir Repositionéierung als modern Mëtt-riets Partei reflektéiert, ewech vum éischter konservativ-kathouleschen Image, dat se virdrun hat. 2022 gouf hiren Numm erëm geännert a si huet den aktuellen Numm ugeholl.

LE ass reegelméisseg u Regierungskoalitioune bedeelegt, dorënner och zënter 2020 un der federaler Regierung ënnert dem Premier Alexander De Croo.

Hire flämesche Pendant ass de Christen-Democratisch en Vlaams (CD&V), dee méi konservativ ass. Op europäeschem Plang ass si an der Europäescher Vollekspartei (EVP) affiliéiert.

De Maxime Prévot ass Parteipresident.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Jean-Benoit Pilet: Le Centre démocrate humaniste (cdh) (Säit 76)