Op den Inhalt sprangen

Celsus vun Tréier

Vu Wikipedia
Celsus vun Tréier
Den Celsus vun Tréier an der Kierch vu Bruch bei Miersch
Titel
Titel Bëschof
Biographie
Gebuer 1. Joerdausend jul.
Gestuerwen 141
Tréier
Nationalitéit Réimescht Räich
Aner Informatiounen
Statut Helleg
Gedenkdag 23. Februar

Den Celsus vun Tréier staamt aus enger nobeler Famill a war – sou wéi et iwwerliwwert gouf – de fënnefte Bëschof vun Tréier. A senger Amtszäit vu 14 Joer, huet hi vill Leit zum Chrëschtentum bekéiert. Hien ass ëm 141 zu Tréier gestuerwen. Well d'Bëscheef vun Tréier awer eréischt vun Enn vum 3. Jh. noweisbar sinn, ass dem Celsus seng Authentizitéit éischter legendär.

Géint 978 goufe Reliquien (Inventio) an der Benediktinerkierch St. Matthias zu Tréier dem Hl. Celsus zougeschriwwen. Duerno huet säi Kult sech an der Westäifel an zu Lëtzebuerg verbreet.[1]

Dem Celsus vun Tréier säin Dag ass den 23. Februar.

Den Celsus war de Patréiner vun der – mëttlerweil entweiter – Kapell vu Buer an ass den Niewepatréiner vun der Kierch vu Bruch.

  • Emil Donckel: Der Kult des heiligen Celsus von Trier. Sein Werden, Wachsen und Vergehen, Luxemburg 1972
Commons: Celsus vun Tréier – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten

[Quelltext änneren]
  1. Lexikon für Theologie und Kirche, 1986, Bd. 2