Centre Guillaume-II

Vu Wikipedia
De Bierger-Center am fréieren Haus Letellier (2016).
En Deel vun de Gebaier vum Knuedler aus (2011).

Centre Guillaume-II ass e Gebaierkomplex nieft dem Stater Stadhaus, tëscht dem Knuedler, dem Gruef an der Ënneschtgaass, an deem zanter dem Summer 2014 de Bierger-Center, e Sall fir Hochzäiten a Verwaltungsservicer vun der Gemeng Lëtzebuerg ënnerbruecht sinn.

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

Am Joer 1681 hunn d'Dominikanerinnen aus dem Klouschter Mariendall um Bord vum Knuedlerklouschter e Refuge baue gelooss.[1] Wéi 1783 all Kléischter opgeléist goufen, gouf hiert Verméigen deelweis engem Reliounsfong iwwerdroen, deem seng Verwaltung bis 1795 am Gebai vum fréiere Refuge war. Dat Joer gouf Lëtzebuerg vun de franséische Revolutiounstruppe besat, an déi hunn hir héich Verwaltungsbeamten am Gebai aquartéiert.

No der Néierlag vum Napoleon an dem Ofzuch vun de franséischen Truppen huet 1816 den neie Festungsgouverneur Ludwig-Wilhelm von Hessen-Homburg sech am Gebai aquartéiert, dat awer nach dat selwecht Joer un den Tubakhändler Jean-Nicolas Neyen verkaf gouf. 1856 ass den Neyen gestuerwen, an déi nei gegrënnten Banque internationale à Luxembourg huet den ëstlechen Deel vum Besëtz kaf an do hir Agence opgemaach. Um westlechen Deel, zum Knuedler zou, huet seng Wittfra um fräien Terrain en Haus fir sech baue gelooss, dat spéider no hirem Schwoer Auguste Letellier "Haus Letellier" genannt gouf.

D'BIL, där hiren Direkter Léon Mathias Würth 1872 seng Wunneng an d'Gebai verluecht hat, huet et 1878-82 ëmgebaut an no Norden hi vergréissert, woubäi e groussen Deel vum fréiere Refuge ofgerappt gouf. 1904 ass d'BIL op eng aner Adress geplënnert. Den nërdlechen Deel vun der Proprietéit gouf un d'Famill Lassner verkaf, déi do e Geschäft mat Artikele fir de Stot opgemaach huet, dat ee Joerhonnert bestoe soll. Am Rescht vum Gebai hunn d'Elisabethaner-Schwësteren e Pensionat fir jonk Meedercher ageriicht. 1910 hu se d'Gebai kaf, an dat Joer drop goung och d'Haus Letellier an hire Besëtz iwwer. D'Haiser goufen ëmgebaut a matenee verbonnen, Wunn- a Versammlungsraimlechkeete goufen ageriicht.

An de spéide Joerzéngte vum 20. Joerhonnert goung d'Demande no Zëmmere fir Butteksmeedercher zeréck, a sou hunn d'Schwësteren hiert Gebai an en Altersheem ëmfunktionéiert. Um Rez-de-Chaussée ware Versammlungsraim fir kathoulesch Veräiner.

Am Haus Letellier huet zulescht de fréiere Bëschof Hengen gewunnt. 2003 huet d'Stad Lëtzebuerg d'Gebaier kaf. 2006 gouf en Architekteconcours fir d'Ëmbauaarbechten ausgeschriwwen, an 2009 de Gewënner guttgeheescht. Duerno goufen d'Gebaier archeologesch ënnersicht.

D'Gebaier goufen den 29. Januar 2010 als national Monumenter klasséiert. Schonn de 5. Mee 1978 war d'Gebai an der Ënneschtgaass op d'Lëscht vum Zousaz-Inventaire gesat ginn.[2]

Grouss Deeler vun de Reschter vun de Renaissance-Maueren an der Bannenariichtung vum Enn vum 19. Joerhonnert ginn erhalen.

Kontrovers ass d'gliesen a stole Passerell, déi vum Stadhaus an dat neit Gebai féiert.[3]

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Ville de Luxembourg, „Bierger-Center - Entre patrimoine et modernité“, 2014

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Quell vun dësem Kapitel, wou net anescht uginn: Evamarie Bange: "Wohnen, arbeiten, leben? Die Nutzbarmachung denkmalgeschützter Gebäude am Beispiel des Centre Guillaume II." in: ons stad Nr. 102/2013, S.28-31.
  2. Institut national pour le patrimoine architectural: Liste des immeubles et objets bénéficiant d'une protection nationale. (Lescht Versioun vum 27. Februar 2024).
  3. knuedler.org, de Site vun enger Biergerinitiativ géint déi Passerell.