Centre Spatial Guyanais

Vu Wikipedia
Kaart mam Centre Spatial Guyanais

De Centre Spatial Guyanais (CSG), oder Raumfaartzentrum Guyane, bei Kourou an der Guyane ass eng Weltraumgare, vun där zanter 1979 d'Ariane-Rakéite vun der europäescher Raumtransportentreprise Arianespace starten. Et gëtt niewebäi och Startanlage fir d'Sojus- an d'Vega-Rakéiten. Haushär vum Terrain ass déi franséisch national Raumfaartagentur CNES.

Geographie[änneren | Quelltext änneren]

Den CSG ass eng vun de Startplazen op der Welt déi besonnesch gënschteg fir Starte vu geostationäre Satellitten ass. D'Plaz ass nëmme 500 km vum Equator ewech (5° 13' nërdlech Breet). Doduerch gëtt d'Äerdrotatioun enger Rakéit, déi vun do aus gestart gëtt, e Vitessschub vu 460 m/s (horizontal a Richtung Osten). Ausserdeem ass et bei engem equatornoe Start méi einfach, geostationär Satellitten an d'geostationär Transferbunn fir d'Erreeche vun der geostationärer Ëmlafbunn ze bréngen. E weidere Virdeel vun der Standplaz ass, datt d'Startrichtung fir d'Erreeche vun de wichtegste Ëmlafbunnen (geostationär Transferbunnen a sonnesynchron Ëmlafbunnen) iwwer d'Mier erausféiert a sou beim Rakéitestart keng Mënschen a Gefor kommen.

Et besteet do och keng Gefor vun Äerdbiewen oder tropesche Wierbelstierm.

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

Franséische Raumfaartzentrum vun 1964 bis 1979[änneren | Quelltext änneren]

De Raumfaartzentrum gouf 1964 vu Frankräich als Folleg vun der Onofhängegkeet vun Algerien opgeriicht. Wéinst den Accorde vun Évian vun 1962 huet de CNES d'Rakéitebasis vun Hammaguir misse virun 1967 verloossen.

Den 9. Abrëll 1968[1] ass vu Kourou déi éischt Rakéit, eng Héichtefuerschungsrakéit vum Typ Véronique gestart. Déi éischt Drorakéit, déi vun do gestart gouf, war eng Diamant-B-Rakéit. Vum CSG aus ware vum 10. Mäerz 1970 bis de 27. September 1975 fënnef Diamant-B an dräi Diamant-BP4 gestart ginn. De 5. November 1971 war do den eenzege Start vun enger Europa-2-Rakéit, vun där fir deen Typ speziell gebauter Startramp ELE (Ensemble de Lancement Europa).[2]

Grënnung vun der ESA, Startramp ELA-1[änneren | Quelltext änneren]

No der Grënnung vun der ESA am Joer 1975 stoung de Centre Spatial och fir hir Aktivitéiten zur Dispositioun. Fir déi kollektiv europäesch Rakéit vum Typ Ariane gerëscht ze sinn, war tëscht 1975 a 1978 en Ëmbau vun der ELA-Startramp, déi ganz vun der ESA finanzéiert gouf. Nom Ëmbau war de 24. Dezember 1979 den éischte Start vun enger Ariane 1 vun där elo ELA-1 genannter Startramp. D'Startramp ELA-1 konnt, well d'Rakéiten Ariane 1, Ariane 2 an 3 sech geglach hunn, och fir déi Modeller benotzt ginn. Nom leschte Start vun enger Ariane 3, den 11. Juli 1989 gouf d'Startramp ELA-1 net méi benotzt.

1988/89: ELA-2 an 3[änneren | Quelltext änneren]

D'Startramp ELA-2
Startplaz ELA-3 vun der Ariane 5 am Weltraumzentrum Guyane. Déi véier Maste si Blëtzofleedertierm.
Ariane 4 op hirer Startramp ELA-2.

Fir d'Ariane 4 gouf déi nei Startramp ELA-2 gebaut, an déi éischt Ariane 4 gouf de 15. Juli 1988 gestart. Den éischte Start vun der Ramp ELA-2 war schonn de 26. Mäerz 1986 mat enger Ariane 3. Nom leschte Start vun enger Ariane 4 de 15. Februar 2003 gouf d'Startramp ELA-2 zougemaach. Fir déi ganz nei entwéckelt Ariane 5 huet eng nei Startramp misse gebaut ginn, si krut den Numm ELA-3. Déi éischt Ariane 5 gouf de 4. Juni 1996 vun do gestart.

2004: Startrampen ELS, ELV[änneren | Quelltext änneren]

Ufank 2004 gouf mam Bau vun der Startramp ELS (Ensemble de Lancement Soyouz) fir déi russesch Sojus-Rakéite ugefaangen. Den éischte Start war fir de Summer 2011 geplangt, gouf awer an den Oktober 2011 verréckelt.

Dofir gouf e russesch-europäesche Kontrakt beschloss, deen et den europäesche Weltraumorganisatiounen erlaabt, Sojus-Rakéite fir hir Zwecker ze gebrauchen. Déi russesch Organisatiounen däerfen am Géigenzuch vu Kourou als Alternativ zu hirer eegener Weltraumgare zu Baikonur (Kasachstan) starten. Vum CSG kann d'Sojus wéinst der méi kuerzer Distanz zum Equator méi schwéier Notzlaaschten an de Weltraum transportéieren. Fir d'ESA bitt d'Kooperatioun d'Méiglechkeet, kommerziell Clienten eng méi bëlleg Alternativ zu der Ariane-5-Rakéit fir manner schwéier Notzlaaschten unzebidden.

Den éischte Start war den 21. Oktober 2011 an hat déi éischt zwéi Satellitte vum europäesche Satellittenavigatiounssystem Galileo an d'Ëmlafbunn transportéiert.

Enn 2004 gouf mam Ëmbau vun der Startramp ELA-1 ugefaangen, fir vun där elo ELV (Ensemble de Lancement Vega) benannter Startramp aus déi fir kleng Notzlaaschten tëscht 300 an 2500 kg nei entwéckelt europäesch Drorakéit Vega starten ze kënnen. Den éischte Start war als Qualifikatiounsfluch geduecht a war den 13. Februar 2012. Si hat néng Satellitten an eng Ëmlafbunn transportéiert, dorënner siwe Pikosatellitten vun europäeschen Universitéiten.

Startbetrib[änneren | Quelltext änneren]

Starte kënnen och vun net-europäeschen Entreprisen oder Raumfaartorganisatioune beim Startubidder Arianespace gebucht ginn, déi no der Aféierung vun enger ESA-Rakéit déi vun der ESA iwwerhëlt an d'Starte mécht. Dofir keeft d'Arianespace d'Rakéiten oder d'Deeler dovu bei deene vun der ESA erausgesichte Produzenten. Ausserdeem bezillt d'ESA zwee Drëttel vun de Betribskäschte vum Centre Spatial Guyanais.

Infrastruktur[änneren | Quelltext änneren]

D'Infrastruktur vun der Weltraumgare besteet aus Gebaier fir d'Startvirbereedung vu Rakéiten a Satellitten, Startrampen, dem Startkontrollzentrum an enger Fabrick fir Rakéitendreifstoff. Startrampen, déi an der Tëschenzäit zougemaach goufen: ELA-1 an ELA-2. 2012 war d'Startramp ELA-3 fir d'Ariane 5 nach aktiv. Weider aktiv sinn: D'ELS fir Sojus-Rakéiten an d'ELV fir d'Vega-Rakéiten.

De Brandschutz gëtt vun enger Delegatioun vun de Paräisser Pompjéeë (Brigade de sapeurs-pompiers de Paris; an engem Deel vun der Franséischer Arméi) gemaach, wärend d'Gendarmerie nationale an d'Friemelegioun fir d'Sécherheet vum Terrain zoustänneg sinn.

Startrampen[änneren | Quelltext änneren]

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Ralf Butscher: Großer Bahnhof am Äquator. Bild der Wissenschaft 1/2005, S. 88–93 (2005), ISSN 0006-2375

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Centre Spatial Guyanais – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Startlëscht vun de Veéronique-Rakéiten op der Websäit vun der Encyclopedia Astronautica
  2. Bernd Leitenberger: Europäische Trägerraketen Band 1. Von der Diamant zur Ariane 4 – Europas steiniger Weg in den Orbit. Books on Demand, Norderstedt 2009, ISBN 3837095916, S. 300.