Kulturzenter

Vu Wikipedia
(Virugeleet vu(n) Centre culturel)
De Kulturzentrum zu Biergem

E Kulturzenter, Kulturzentrum oder Centre culturel ass e Gebai, dat haaptsächlech fir kulturell a sozial Manifestatioune benotzt gëtt, zum Beispill fir d'Opféierung vun Theaterstécker a Concerten, fir Konferenzen, Floumäert oder Fester. Si hu meescht ee grousse Sall an e puer méi kleng Nieweraim.

Zu Lëtzebuerg gëtt et vill Kulturzentren, déi dacks an ëffentlecher Hand sinn an de Gemenge gehéieren. Et gëtt och Kulturzentren, déi vun aneren Institutiounen oder Veräiner bedriwwe ginn, z. B. fir bestëmmte Sprooch- oder Kulturraim ofzedecken, wéi de Centro Cultural Português no Luxemburgo oder de Centre culturel A.S. Pouchkine.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Kulturzenteren – Biller, Videoen oder Audiodateien