Op den Inhalt sprangen

Observatoire vu Calern

Vu Wikipedia
Asteroiden déi entdeckt goufen: 21
3913 Chemin2. Dezember 1986
4602 Heudier28. Oktober 1986
4603 Bertaud25. November 1986
4892 Chrispollas11. Oktober 1985
5576 Albanese26. Oktober 1986
5671 Chanal15. Dezember 1985
5769 Michard6. August 1987
6375 Fredharris1. Oktober 1986
6587 Brassens27. November 1984
6820 Buil13. Dezember 1985
7928 Bijaoui27. November 1986
8080 Intel17. November 1987
8636 Malvina17. Oktober 1985
9553 Colas17. Oktober 1985
13499 Steinberg1. Oktober 1986
13500 Viscardy6. August 1987
13739 Nancyworden16. September 1998
(17405) 1986 VQ24. November 1986
(27704) 1984 WB427. November 1984
(55734) 1986 WD627. November 1986
(65660) 1985 PM114. August 1985
100122 Alpes Maritimes15. August 1993

Den Observatoire vu Calern ass en Observatoire a Frankräich um Plateau Calern op enger Héicht vun 1270 m, e puer Kilometer ewech vum Plateau Caussols, nërdlech vun der Stad Grasse.

Den Observatoire huet bis 1988 zum Centre d'Etudes et de Recherches Géodynamiques et Astronomiques, kuerz CERGA gehéiert. Bei der Reorganisatioun an Opléisung vum CERGA gouf den Observatoire de Calern en Deel vum neigegrënnten Observatoire vun der Côte d'Azur.

Den Observatoire huet eng Schmidtkamera mat 90 cm Ëffnungs- an 1,52 m Spigelduerchmiesser. Ënner dem Antoine Labeyrie goufen eng Rei Interferometeren entwéckelt, dorënner den I2T[1], GI2T[2], dat lescht bestoung aus zwéi Spigelteleskope mat engem Duerchmiesser vun 1,5 Meter, déi iwwer Schinnen op Basislängten tëscht 13 a 65 Meter opgefouert konnte ginn. Donieft gët et Prototyppe vun Eenzelteleskopen deenen hir Kombinatioun fir e giganteschen Teleskop-Projet (Optical Very Large Array, OVLA) ënnersicht goufen. E weideren Interferometer ass de Soirdete[3] dat duerch zwéi 1-Meter-Teleskope gebilt gëtt.

Weider sinn am Observatoire zwéi Laser fir Distanzmiessung vum Äerdmound oder zu Satellitten opgebaut.


Astronomesch Observatoiren, Instituter an Installatiounen a Frankräich
Pic du Midi
Pic du Midi

Observatoiren: Bordeaux - Calern - Côte d'Azur - Haute-Provence - Juvisy-sur-Orge - Lyon - Les Makes - Marseille - Meudon - Nançay - Nice - Paräis - Pic du Midi de Bigorre - Des Pises - Sorbonne - Stroossbuerg - Midi-Pyrénées - Toulouse - Triel-sur-Seine

Centres de recherche, Laboratoiren an Instituter: Centre de recherche fir Geodynamik an Astrometrie - CLIMSO - Astrophysesche Centre de recherche vu Lyon - Astrophysescht Institut vu Paräis - Astrophysesche Laboratoire vu Grenoble - Centre de données astronomiques de Strasbourg - Versailles SQY

Aner Installatiounen: Interferometer um Plateau de Bure -Teleskop Bernard Lyot - Sonnenobservatiounstuerm vu Meudon

Kuckt och: Portal Astronomie

Referenzen

[Quelltext änneren]
  1. Faucherre, M., Bonneau, D., Koechlin, L., Vakili, F.: Stellar interferometry - Diameters and effective temperatures of five giant stars Astronomy and Astrophysics, vol. 120, no. 2, April 1983, p. 263-268.
  2. Mourard, D.; Tallon-Bosc, I.; Blazit, A.; Bonneau, D.; Merlin, G.; Morand, F.; Vakili, F.; Labeyrie, A.: The GI2T interferometer on Plateau de Calern 1994, Astronomy and Astrophysics, vol. 283, no. 2, p. 705-713
  3. Mekarnia, D., Gay, J. Infrared multispectral interferometry, Astronomy and Astrophysics, vol. 238, no. 1-2, Nov. 1990, p. 469-474.