Op den Inhalt sprangen

Centre national du patrimoine ferroviaire

Vu Wikipedia
Centre national du patrimoine ferroviaire
Nationalen Eisebunnsmusée
Typ Musée
Lokalisatioun
Land Lëtzebuerg
Gemeng Péiteng
Plaz Péiteng
Gestioun
Visiteuren/Joer
Gebai
Statut geplangte Bau
Kollektioun
Exponater

Den nationalen Eisebunnsmusée (offiziell Centre national du patrimoine ferroviaire, gekierzt CNPF) ass e Musée deen d'CFL wëlles huet um Gebitt vun der Gemeng Péiteng opzeriichten.

De Musée ass südwestlech vun der Péitenger Gare op engem onbebauten Terrain vu ronn 14.500 m² geplangt, nieft der Streck vum Train 1900, déi vun der Péitenger Gare aus bis an de Fond-de-Gras leeft, wou nach aner Attraktiounen aus dem Kulturierwe vun der Lëtzebuerger Eisebunn bestinn.

Am Kader vum Projet fir de Musée ass geplangt, fir ë. a. dëst ze bauen:

  • E Empfangsgebai aus arméiertem Bëton, mat engem Aganks- / Ausgangsfoyer, Büroen, Vestiairen an engem Auditorium,
  • en Atelier fir den Ënnerhalt vum historeschen Eisebunnsmaterial,
  • eng Ausstellungshal aus enger Metall- / Glasstruktur fir Eisebunnsmaterial a fir temporär Ausstellungen. An dëser Hal gëtt eng pedagogesch Ausstellung aus arméiertem Bëton an eng Replik vun engem ale Voyageursgebai aus enger historescher Fassad déi nach besteet, opgeriicht fir do e Kichen- a Restauratiounsberäich z'amenagéieren,
  • eng metalle Bréck, déi déi eenzel Gebaier matenee verbënnt,
  • Gleiser, fir engersäits d'Rullmaterial auszestellen an anersäits den Uschloss un déi bestoend Schinneninfrastruktur z'erméiglechen,
  • Stäipmaueren, baussenzeg Amenagementer an den Neesopbau vun engem Portal vum Tunnel Huttbierg.

Fir de Bau vum CNPF muss och eng Strooss verluecht an eng Bréck gebaut ginn.

D'CFL ass fir d'Infrastrukturaarbechten an den Institut national pour le patrimoine architectural (INPA) fir de pedagogeschen a kulturelle Volet zoustänneg.

Ausser dem Industrie- an Eisebunnsierwen dat haut schonn am „Minett-Park“ besichtegt ka ginn, „gëtt et awer nach e groussen Deel u Patrimoine ferroviaire, deen net fir de grousse Publikum zougänglech ass. Vun den 1980er Joren un huet den INPA op d'mannst ëmmer eng Maschinn pro Serie vun der Eisebunnsramm vun der CFL erhalen a restauréiert, dat zesumme mat de Benevole vun der asbl 1604 Classics. Esou koum et zu enger grousser historescher Sammlung, déi nach mat Pläng, Fotoen, Uniformen an all Zort vun Eisebunnstechnik beräichert gouf.[1] All dat Material soll am neie Musée ënnerdaach kommen.

Referenzen

[Quelltext änneren]
  1. Zitat vum vum Kulturminister a senger Äntwert op d'parlamentaresch Fro N° 937 (cf Quellen)