Op den Inhalt sprangen

Centre pour le développement moteur

Vu Wikipedia
Centre pour le développement moteur
Typ staatlech Organisatioun, Ariichtung
Land Lëtzebuerg
Gegrënnt 6. Februar 1979
Koordinaten 49°37'14"N, 6°5'55"O
Um Spaweck https://cc-cdm.lu/

De Centre pour le développement moteur (CDM) ass e Kompetenzzenter, deen op d'motoresch Entwécklung vu Kanner a Jugendleche mat spezifesche Besoine spezialiséiert ass.

E gouf als Institut fir zerebral erkrankt Kanner (Institut pour infirmes moteurs cérébraux - IMC) mam groussherzogleche Reglement vum 6. Februar 1979 gegrënnt[1].

Vun 1975 u bestoung eng provisoresch Struktur an de Gebaier vum Centre de logopédie am Val Saint-André an der Stad Lëtzebuerg, mat eenzele Schoulgruppen an engem Internat. Et goufe Kanner mat zerebraler Pares, deenen hire Beweegungsapparat staark ageschränkt war, opgeholl. Se kruten niewent der spezieller Schoul och Rehabilitatiounsmoossnamen a Form vu Kinesitherapie, Ergotherapie, Orthophonie a Psychomotricitéit ugebueden.

1993 gouf e Gesetz gestëmmt, dat de Bau vun engem neien Institut, niewent dem Centre hospitalier Lëtzebuerg (CHL) erlaabt huet[2]. Am Oktober 2000 war den Neibau fir 60 Kanner, opgedeelt an 10 Gruppen, fäerdeg.

Zënter 2018 gëtt den Institut pour infirmes moteurs cérébraux ënner der neier Bezeechnung Centre pour le développement moteur gefouert. Et ass ee vun den 8 Kompetenzzentren an der Psychopedagogie vum Ministère fir Bildung, Kanner a Jugend[3].

Referenzen

[Quelltext änneren]
  1. Arrêté grand-ducal du 6 février 1979 portant création d'un institut pour infirmes moteurs cérébraux.. legilux.public.lu. Gekuckt den 20.09.2025.
  2. Loi du 30 mars 1993 autorisant la construction d'un institut pour infirmes moteurs cérébraux à Luxembourg.. legilux.public.lu. Gekuckt den 20.09.2025.
  3. Loi du 20 juillet 2018 portant création de Centres de compétences en psycho-pédagogie spécialisée en faveur de l’inclusion scolaire. legilux.public.lu. Gekuckt den 20.09.2025.