Cerro Tololo Inter-American Observatory

Vu Wikipedia

De Cerro Tololo Inter-American Observatory ass e Komplex vun astronomeschen Teleskopen an Instrumenter um Cerro Tololo, ongeféier 80 km ëstlech vu La Serena am Chile op enger Héicht vun 2200 Meter.

Zesumme mam Kitt-Peak-Nationalobservatoire (KPNO) a mam National Solar Observatory gehéiert de Komplex zum National Optical Astronomy Observatory (NOAO) mat Sëtz Tucson an Arizona.

Teleskopen[änneren | Quelltext änneren]

4m-Victor M. Blanco Teleskop

Den Observatoire huet eng Rei vu Spigelteleskopen. D'Haaptinstrument op dem Cerro Tololo ass dat

  • 4 m Victor M. Blanco Teleskop. Instrumenter déi fir dësen Teleskop bereetstinn, sinn:
- 8K-Bildsensor,
- Hydra-CTIO Spektrograph, mat deem bis zu 138 Objete gläichzäiteg ënnersicht kënne ginn,
- an e klassesche R-C Spektrograph

Donieft gëtt et e puer kleng Teleskopen, déi sougenannt „Smarts“. Opgereit nom Duerchmiesser vum Haaptspigel sinn dës:

  • 1,5 m, an dat vun der „CPAPIR“, e Wäitfeld IR Bildsensor, oder an e R-C (Cassegrain) Spektrograph ugebonne ka ginn,
  • 1,3 m, mat „ANDICAM“ (Bildsensor fir gläichzäiteg Fotoen am Visuellen an Infrarouden),
  • 1,0 m, mat engem 4K-Bildsensor fir visuellt Liicht an
  • 0,9 m, mat engem 2K-Bildsensor fir visuellt Liicht.

Et huet och dat sougenannte Curtis-Schmidt-Teleskop mat enger Apertur vun 61 cm.[1]

Op dem 10 km wäite Cerro Pachòn steet en

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Portal Astronomie

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Bild vum CTIO 61-cm Curtis Schmidt Gearchiveerd op 2011-09-05. Gekuckt de(n) 2012-02-02.