Chamberwale vum 20. Oktober 2013

Vu Wikipedia
Muster vun engem Stëmmziedel aus dem Walbezierk Süden
Muster vun engem Stëmmziedel aus dem Walbezierk Osten

Bei de Chamberwale vum 20. Oktober 2013 handelt et sech ëm virgezunne Wale fir d'Chamber, dat lëtzebuergescht Parlament.

Si si fälleg ginn, wéi et den 11. Juli 2013 am Kader vun der Debatt an der Chamber ëm d'Conclusioune vun der SREL-Enquêtekommissioun kloer gi war, datt d'Regierung Juncker-Asselborn II keng Majoritéit méi hanner sech hat. No Consultatioune mat de Parteipresidenten an dem Regierungschef Jean-Claude Juncker huet de Groussherzog Henri den 19. Juli ugekënnegt, datt en d'Chamber de 7. Oktober 2013 opléise géif an et den 20. Oktober zu Neiwale kéim[1].

D'Walbezierker an d'Zuel vun de Sëtz

Walrecht[änneren | Quelltext änneren]

Zur Wiel sti 60 Mandater, déi sech op 4 Walbezierker verdeelen. Jee no der Zuel vun de Walberechtegte gi pro Bezierk ënnerschiddlech vill Deputéiert gewielt: Am Walbezierk Süde sinn et der 23, am Zentrum 21, am Norden der 9, an am Walbezierk Osten der 7. All Partei däerf maximal sou vill Kandidaten opstellen, wéi Mandater an deem jeeweilege Bezierk ze vergi sinn. Kandidaten däerfe sech nëmmen an engem Walbezierk opstellen. D'Wieler kënnen entweeder eng Parteilëscht wielen, deemno all hir Stëmmen enger Partei ginn, oder eenzel Kandidate stëmmen, sief et all vun enger Lëscht, sief et vun hirer méi (Panachéieren), andeems se hinnen eng bis zwou Stëmme ginn (am Ganzen awer net méi, wéi d'Zuel vun den Deputéiert am Walbezierk).

Et gëtt keng explizit Spärklausel (d. h. e minimale Prozentsaz, deen eng Partei oder e Kandidat misst kréien, fir an d'Parlament ze kommen). Well d'Mandater duerch den D'Hondt-Procedé vergi ginn, gëtt et, wéinst der ënnerschiddlecher Zuel vu Sëtz pro Bezierk, implizit Spärklausele vu ronn 4 % am Süde bis 12 % am Osten.

Walberechtegt sinn all Lëtzebuerger iwwer 18 Joer. Et besteet eng allgemeng Walflicht, ausser fir Walberechtegter iwwer 75 Joer an där, déi am Ausland wunnen oder do den Dag vun der Wal berufflech ze dinn hunn, an déi als eenzeg per Bréifwal stëmme kënnen. Et ass net erlaabt, engem Aneren eng Procuratioun ze gi fir an engem senger Plaz ze wielen.

Parteien[änneren | Quelltext änneren]

Déi heite Parteien hunn hir Lëschte mat am Ganze 540 Kandidate fir d'Chamberwalen agereecht gehat; d'Nummere vun de Lëschte goufen den 22. August 2013 vun der Presidentin vum Haaptwalbüro, Eliette Bauler, ausgeloust[2]:

Resultater[änneren | Quelltext änneren]

Graphique vun de Sëtz pro Partei.

D'CSV blouf mat 23 Sëtz déi stäerkst Partei, huet der awer 3 par rapport zu deene leschte Wale missen abéissen. D'LSAP konnt hir 13 Sëtz vun de virege Walen halen, iwwerdeems d'DP 4 Sëtz bäikritt huet a gläichop mat der LSAP koum. Déi Gréng, wéi och d'ADR hu je ee Sëtz verluer, a koumen op 6, respektiv 3 Mandater. Déi Lénk hunn hir Presenz an der Chamber vun engem op zwéi Sëtz verduebelt. Net gewielt goufen d'PiD, d'KPL an d'Piratepartei.

Kuerz no de Walen huet de Jean-Claude Juncker den Usproch erhuewen, datt d'CSV als stäerkst Partei de Premierminister stelle sollt a sech e Koalitiounspartner siche kéint[3]. Méindes, den 21. Oktober owes, hunn awer d'Parteicheffe vun de potentielle Koalitiounspartner ugekënnegt, si wieren un enger Koalitioun mat der CSV net intresséiert a géife Gespréicher féieren, fir eng Koalitioun tëscht hinnen dräi ze maachen (déi, wéinst de Faarwen, déi d'Parteie symboliséieren, Gambia-Koalitioun genannt gëtt). Sou eng Dräierkoalitioun hätt 32 Sëtz an der Chamber an domat eng Majoritéit[4]. Den 23. Oktober huet de Groussherzog Henri de Georges Ravarani, President vum Verwaltungsgeriicht, zum Informateur ernannt[5]. Nodeem deen dem Grand-Duc Rapport gemaach hat, huet dësen de 25. Oktober de Xavier Bettel zum Formateur vun enger neier Regierung chargéiert. Den 3. Dezember hunn d'Parteikongresser vun DP, LSAP an Déi Gréng de Koalitiounsaccord guttgeheescht[6], soudatt d'Regierung Bettel-Schneider de 4. Dezember 2013 vereedegt gouf.

D'Resultat an Zuelen[änneren | Quelltext änneren]

Partei Prozent 2009 Sëtz 2009 Prozent 2013 +/− Sëtz 2013 +/−
CSV 38,0 26 33,68 -4,36 23 -3
LSAP 21,6 13 20,28 -1,28 13 0
DP 15,0 9 18,25 +3,27 13 +4
déi gréng 11,7 7 10,13 -1,58 6 -1
ADR 8,1 (4) 2* 6,64 -1,49 3 (-1) +1
déi Lénk 3,3 1 4,94 +1,65 2 +1
KPL 1,5 0 1,64 +0,17 0 0
Piratepartei - - 2,94 +2,94 0 0
PiD - (1)* 1,50 +1,50 0 (-1) 0

* D'ADR krut 2009 4 Sëtz. 2 vun hiren Deputéierten hunn 2012 d'Partei verlooss, soudatt se just nach 2 Sëtz hat. Een huet spéiderhi seng eege Partei gegrënnt, d'PiD.

Resultater no Walbezierk (Prozenter)[änneren | Quelltext änneren]

CSV LSAP DP déi gréng ADR déi Lénk KPL Piratepartei PID
Zentrum 35,3 14,7 25,0 10,5 5,0 4,8 0,9 2,7 1,2
Osten 36,9 14,6 18,6 13,1 8,7 3,1 0,8 2,7 1,6
Norden 33,7 17,2 23,7 9,0 6,4 2,6 0,9 3,4 3,3
Süden 32,2 25,2 12,7 9,8 7,5 5,7 2,4 3,0 1,4

Quell: Luxemburger Wort vum 21. Oktober 2013

Sëtzverdeelung no Walbezierk

Resultater no Walbezierk (Zuel vun de Sëtz)[änneren | Quelltext änneren]

CSV LSAP DP déi gréng ADR déi Lénk KPL Piratepartei PID
Zentrum 8 3 6 2 1 1
Osten 3 1 2 1
Norden 4 2 2 1
Süden 8 7 3 2 2 1
Total 23 13 13 6 3 2

Quell: Luxemburger Wort vum 21. Oktober 2013

Gewielt Deputéiert[änneren | Quelltext änneren]

Dës 60 Deputéiert goufen direkt gewielt, respektiv sinn no der Regierungsbildung nogeréckelt[7]:

ADR[änneren | Quelltext änneren]

CSV[änneren | Quelltext änneren]

Nogeréckelt[änneren | Quelltext änneren]

déi gréng[änneren | Quelltext änneren]

Nogeréckelt[änneren | Quelltext änneren]

déi Lénk[änneren | Quelltext änneren]

Nogeréckelt[änneren | Quelltext änneren]

DP[änneren | Quelltext änneren]

Nogeréckelt[änneren | Quelltext änneren]

LSAP[änneren | Quelltext änneren]

Nogeréckelt[änneren | Quelltext änneren]

*): Hunn op hiert Deputéiertemandat verzicht, fir Member vun der Regierung ze ginn.

**): Huet 3 Deeg no der Wal op säi Mandat verzicht, de Fernand Etgen ass nogeréckelt[8].

***): Ass am September 2014 zu Gonschte vun der Martine Mergen zeréckgetrueden.

****): Ass am September 2014 zeréckgetrueden, fir President vun der Europäescher Kommissioun ze ginn. De Laurent Zeimet ass a senger Plaz nogeréckelt.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Literatur[änneren | Quelltext änneren]


Referenzen[Quelltext änneren]

  1. "7. Oktober: Chamber opgeléist! 20. Oktober: Nei gewielt!" RTL.lu - 19.07.2013, 18:11 | Fir d'lescht aktualiséiert: 19.07.2013, 18:36.
  2. http://www.wort.lu/de/view/listennummern-fuer-die-wahl-stehen-fest-5215d284e4b02e25c236875e
  3. "Juncker beansprucht Führungsrolle für CSV." Live-Ticker wort.lu.
  4. "Dräierkoalitioun: 'Potential fir Koalitioun ass do'." RTL.lu - 22.10.2013, 19:21 | Fir d'lescht aktualiséiert: 23.10.2013, 07:11.
  5. "De Grand-Duc huet tranchéiert: Georges Ravarani Informateur." RTL.lu - 23.10.2013, 09:31 | Fir d'lescht aktualiséiert: 23.10.2013, 12:03.
  6. "Blo, Rout a Gréng: Ganz grouss Zoustëmmung!" RTL.lu - 03.12.2013, 18:18 | Fir d'lescht aktualiséiert: 03.12.2013, 23:01
  7. "Das große Stühlerücken". wort.lu, 03.12.13 15:43.
  8. "Goerens zieht sich aus nationaler Politik zurück - DP bereit für Dreierkoalition." wort.lu, 23.10.13 19:28.