Chaos (Mythologie)

Vu Wikipedia

De Chaos (Griichesch χάος, cháos) ass an der griichescher Mythologie ee Weltzoustand, dee komplett duercherneen an ongeuerdnet ass, aus dem ganz am Ufank verschidde Gëtter entstane sinn.

Aus dem Chaos sinn d'Nyx an den Erebos entstanen; anere Versiounen no d'Gaia, den Eros an den Tartaros (kuckt ënner "Schëpfungsmythos").

Geographesch ass Chaos eng déif Biergschlucht um Peloponnes, vergläichbar mat der Ur-Schlucht Ginnungagap aus der nordescher Mythologie.

Schëpfungsmythos[änneren | Quelltext änneren]

Um Ufank vun allem war de grenzelose Weltraum dee Chaos genannt ginn ass. Ouni Mooss, ouni Ufank an ouni Enn. Seng Urkluft war nach mat däischterem Niwwel ausgefëllt. Trotzdeem sinn et am Chaos schonn d'Grondbestanddeeler vun Äerd, Waasser, Loft a Feier ginn.

Aus dem Chaos entstane sinn d'Gaia (d'Äerd), den Tartaros (d'Ënnerwelt) an den Eros (d'Léift). D'Gaia huet den Uranos (den Himmel) an de Pontos (d'Mier) erschaf. Och d'Titanen, déi 3 Kyklopen an déi 3 Honnertärmeg Risen si Kanner vun der Gaia.

Bal scho sollt den Uranos d'Muecht iwwer d'Welt un sech rappen. Mä hien huet sech vu senge Kanner, de Kyklope bedreet gefillt a s'an den Tartaros verbannt. Ëmsoss huet d'Gaia versicht hir Kanner virum Haass vum Papp ze beschützen. Dunn huet si d'Titanen ëm Hëllef geruff awer nëmmen dee jéngsten, de Kronos huet sech getraut sech fir seng Bridder anzesetzen.

"Ech wëll der eng Waff ginn" sot d'Gaia an huet d'Eisen an der Aërd wuesse an doraus eng Séissel gi gelooss. Dunn ass e schreckleche Kampf tëscht dem Kronos an dem Uranos entbrannt. Mat där schaarfer Waff huet hie säi Papp verstëmmelt a sech selwer zum Herrscher gemaach. Mat dëser schrecklecher Dot ass d'Verbriechen an d'Welt komm. Aus dem Blutt awer wat vun deenen 2 an d'Äerd gesickert ass sinn d'Erinyen, d'Gëttinne vun der Rach, an d'Risegeschlecht vun de Giganten entstanen. De verstëmmelten Uranos huet sengem Jong prophezeit datt och eent vu senge Kanner hien enges Daags wäert vum Troun stoussen.

Vun do un huet de Kronos an Angscht gelieft a wéi seng Fra Rhea seng Kanner op d'Welt bruecht huet, huet e se direkt no hirer Gebuert verschlong. Sou ass et sengen Duechteren Hera, Hestia, Demeter a senge Jongen Hades a Poseidon ergaang. Wou d'Rhea du sollt hiert d'nächst Kand op d'Welt setzen huet si hir Mamm Gaia ëm Rot gefrot. Si huet hir geroden op d'Insel Kreta ze goen. D'Rhea huet dunn hire Jong, den Zeus, an enger Hiel am Bierg Ida op d'Welt bruecht an hien do verstoppt. Wou de Kronos nom Kand verlaangt huet, huet d'Rhea him een a Wëndelen agewéckelte Stee ginn deen de Kronos du verschléckt huet.

Wéi den Zeus dunn erwuess war huet hie säi Papp gezwonge seng onstierwlech Gesëschter erëm auszespäitzen. Dunn huet hie mat hinnen zesummen de Kampf géint d'Titanen opgeholl. D'Kyklopen an d'honnertäermeg Risen huet hien aus dem Tartaros befreit a se sou op seng Säit gezunn. Vun den Titane stoungen och den Okeanos, d'Thetys an d'Themis op senger Säit. De Kampf vun den Urgewalten ëm d'Weltherrschaft war fuerchtbar. Dem Zeus seng mächtegst Waff ware seng Donnerkäiler déi d'Kyklopen him geschmitt hunn. An engem Stéck huet hie se vum Bierg Olympos erofgeschoss bis d'Titanen him ënnerléeë waren an hien d'Herrschaft iwwer d'Welt konnt iwwerhuelen.

Fir senge Bridder Merci ze soen huet hie seng Muecht mat hinne gedeelt. Den Hades krut d'Muecht iwwer d'Ënnerwelt an de Poseidon d'Muecht iwwer d'Mier. Hie selwer Huet de Sëtz um Himmelstroun behalen. Den Titanen déi zou him gehalen hunn, huet hien hir Muechtberäicher gelooss, déi aner sinn an den Tartaros verbannt ginn.

D'Gaia awer huet mat Roserei gesinn datt hir Kanner am Tartaros gefaange waren an huet den Typhon en honnertkäppegen Draach dee Feier gespaut huet geschéckt, deen den Zeus awer no schwéierem Kampf besiigt huet. Nach ëmmer awer huet d'Gaia net nogelooss an d'Giganten opgestëppelt den Zeus vum Troun ze stierzen. D'Gëtter vum Olympos hu sech dunn all zesummegedoen an hunn och d'Geeschter vun deene Verstuerwenen ëm Hëllef geruff. Et war e fuerchtbare Kampf an all Elementer waren a wëller Oprouer. Vum Himmel ass d'Wiederposaun ertéint an d'Äerd huet mat Biewe geäntwert. Awer obwuel d'Risen ee Bierg nom aneren ausgerappt an op d'Gëtter geschoss an nei Bierger opgetiermt hunn huet sech den Zeus als méi staark erwisen. Hien huet seng Muecht behalen a zanterhier huet kee sech méi getraut him säin Troun streideg ze maachen.

Griichesch Mythologie – All d'Artikelen op der Wikipedia iwwer d'griichesch Mythologie.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Chaos – Biller, Videoen oder Audiodateien