Chardonnay (Riefzort)

Vu Wikipedia
Dësen Artikel beschäftegt sech mat der Riefzort Chardonnay. Fir déi franséisch Uertschaft mam selwechten Numm, kuckt wgl. Chardonnay.
Chardonnay

De Chardonnay ass eng wäiss Riefzort.[1] Et ass déi Rief déi an der klenger Grupp vun de klassesche Riefzorten déi beléiftst ass.

D'Riefzort Chardonnay huet hiren Numm vun der Uertschaft Chardonnay, net wäit vu Mâcon am Südoste vum Departement Saône-et-Loire

De Chardonnay, dee sou gutt a waarme wéi a frësche Lage wiisst, kann ofhängeg vum Klima a vum Buedem verschidden an heiansdo ganz staark Aromen hunn.

Wäiner aus Chardonnayriewen, déi aus gudde Lagen an der Bourgogne kommen, hale sech ganz gutt iwwer Joren ewech. Déi bekanntst Lagen a Frankräich sinn d'Côte-d'Or, de Wéngert vu Chablis, dee vu Mâcon an d'Champagne. An der Bourgogne gëtt de Chardonnay net verschnidden, an an der Champagne gëtt e mat Pinot noir a mat Pinot meunier gemëscht. Champes deen nëmmen aus Chardonnay hiergestallt gëtt, heescht Blanc de Blancs. Am Jura, z. B., fënnt een en am Crémant du Jura erëm.

Chardonnay fënnt een, ausser a Frankräich, nach an Australien an a Kalifornien.

Lëtzebuerg[änneren | Quelltext änneren]

Op der Lëtzebuerger Musel gouf 2011 de Chardonnay op enger Fläch vun 18,89 ha ugebaut.[2]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. cf. Larousse du vin, 2004, Säit 36
  2. Donnéeë vum Institut viti-vinicole 2011 (Link op pdf-Dokument)