Charles-Gérard Eyschen

Vu Wikipedia
Charles-Gérard Eyschen
Gebuer 2. Juni 1800
Baschelt
Gestuerwen 28. September 1859
Lëtzebuerg
Nationalitéit Lëtzebuerg
Educatioun Stater Kolléisch
Aktivitéit Politiker, Affekot, Riichter
Famill
Kanner Paul Eyschen

De Charles-Gérard Eyschen gebuer den 2. Juni 1800 zu Baschelt, a gestuerwen den 28. September 1859 an der Stad Lëtzebuerg, war e lëtzebuergesche Jurist a Politiker.

De Charles-Gérard Eyschen huet op der Universitéit zu Léck studéiert. Déi Studien huet en 1826 mat enem Doktorat am Droit ofgeschloss. Mä och Literatur a Philosophie hunn hien intresséiert; a sou gouf hien zu Aalst (Alost) am Gemengekolléisch Rhetoriks-Professer. Hien huet sech parallel dozou awer och am selwechte Joer zu Bréissel um Barreau ageschriwwen. 1829 huet hien zu Alost gekënnegt an zu Léck en Doktorat an der Philosophie gemaach.

Den 30. Juni 1830 gouf de Charles-Gérard Eyschen Riichter um Dikrecher Éischtinstanz-Geriicht. D'Belsch Revolutioun gouf him d'Geleeënheet, sengen orangistesche Gefiller Ausdrock ze verschafen, ë. a. an engem anonym publizéierten Artikel am Journal de la ville et du Grand-Duché de Luxembourg. Hien huet seng Carrière dann och missen op Lëtzebuerg konzentréieren, well e sech et an der nei gerënnter Belsch verduerwen hat.

E gouf Affekot an der Stad Lëtzebuerg (1831-1832), Member vum Bureau de bienfaisance (1831-1837, Member vun der Commission des Comptes (1831-1840, an ass an der Magistratur séier d'Trap eropgefall: Suppléants-Friddensriichter a Riichter um Éischtinstanz-Geriicht an der Stad (1832), President vum Bezierksgeriicht zu Dikrech (1840), President vum Stater Bezierksgeriicht (1842), Conseiller um Ieweschte Geriichtshaff an um Kassatiounsgeriicht (1843).

Do donieft gouf en och nach 1844 Member vum Comité permanent de la Commission d'instruction primaire a Schoulinspekter vum Kanton Capellen (bis 1849), 1849 da Member vun der Commission des curateurs vum Atheneum (bis 1856), a souz nach an deem engen oder aneren Examens-Jury fir Leit, déi hiert Doktorat am Droit oder an der Literatur wollte maachen.

1845 gouf e Vertrieder am Ständerot. a vun 1848 bis 1856, Deputéierten an der Chamber wou e reaktionär-konservativ Iddie vertrueden huet, wéi se och z. B. den apostolesche Vikar, de Jean-Théodore Laurent zu där Zäit vertrueden huet. Hie war och ee vun de Matgrënner vum Luxemburger Wort.

1856 gouf e Member vun der Regierung Simons, wou en Administrateur général vun der Justiz an der Bildung gouf. Hien huet net verstoppt, datt e virun allem Member vun der Regierung gouf fir déi a sengen Ae vill ze liberal Lëtzebuerger Constitutioun vun 1848 z'amendéieren.

Nom Staatsstreech vun 1856 goufen dann och, géint de Wëlle vun zwéin Drëttel vun der Chamber, dem Kinnek-Groussherzog an der Kierch nees méi Rechter zougestanen an d'Volleksvertrieder an hire Pouvoire beschnidden.

1857 goufen hien an den Emmanuel Servais bei enger Regierungsëmbildung net méi mat an d'Exekutiv erageholl. Si goufen allen zwéi Member vum neigegrënnte Staatsrot, an den Eyschen och nees ee vun de Membere vum Ieweschte Geriichtshaff.

1859 ass de Charles-Gérard Eyschen no schwéierer Krankheet gestuerwen.

Hie war zweemol bestuet a Papp vu fënnef Kanner, dorënner och de Paul Eyschen.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]