Op den Inhalt sprangen

Charles Buffet (1840-1895)

Vu Wikipedia
Dësen Artikel beschäftegt sech mat dem Charles Buffet (Papp). Fir säi Jong mam selwechten Numm, kuckt wgl. Charles Buffet (1886-1945).
Dësen Artikel iwwer e Politiker ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
Charles Buffet
Gebuer 28. November 1840
Ettelbréck
Gestuerwen 20. September 1895
Wolz
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Politiker, Veterinär
Fonctioun Deputéierten an der Lëtzebuerger Chamber
Famill
Kanner Charles Buffet (1886-1945)

De Charles Buffet, gebuer den 28. November 1840 zu Ettelbréck, a gestuerwen den 20. September 1895 zu Wolz, war e lëtzebuergesche Veterinär a Politiker.[1]

De 26. November 1862 gouf hien zum Vétérinaire de 1ere classe ernannt a war vun 1863 bis 1884 Staatsveterinär (Vétérinaire du gouvernement) mat Residenz zu Wolz.

Hie war och vun 1884 bis 1895 Deputéierte vum Kanton Wolz an der Chamber[2] a war Sekretär an dono Vizepresident vun der Société grand-ducale d’agriculture.

De Charles Buffet war mat der Marie Joséphine Servais (1846-1933) bestuet, der Duechter vum Wëlzer Gierwer Jean Nicolas Servais. Si haten zesumme fënnef Kanner, dorënner de Charles Buffet.

Referenzen

[Quelltext änneren]
  1. Buffet, Wiltz op industrie.lu (nogekuckt: 15.10.2025).
  2. Les Députés du Grand-Duché de Luxembourg. op industrie.lu (nogekuckt: 11.10.2025). Baséiert op: La Chambre des députés: histoire et lieux de travail. [Auteurs: Nicolas Als, Robert L. Philippart ; coordination: Guillaume Wagener, Pierre Dillenburg ; conseiller historique: Gilbert Trausch]. Luxembourg 1994, S.507-533.