Charles Michel

Vu Wikipedia
Op d'Navigatioun wiesselen Op d'Siche wiesselen
Charles Michel
Charles Michel - 2019 (48669595088) (cropped).jpg
Gebuer 21. Dezember 1975
Namouer
Nationalitéit Belsch
Educatioun Université libre de Bruxelles,
Universiteit van Amsterdam
Aktivitéit Politiker, Affekot
Partei Mouvement réformateur
Wikidata-logo-without-paddings.svg

De Charles Michel, gebuer den 21. Dezember 1975 zu Namur, ass e belsche Politiker vun der liberaler Partei Mouvement réformateur (MR). Hien ass zanter dem 1. Dezember 2019 President vum Europäesche Conseil. Virdru war hie vum 11. Oktober 2014 bis Oktober 2019 Premierminister vun der Belsch, déi puer lescht Méint just faisant fonction.

Vun 2000 bis 2004 war de Charles Michel wallouneschen Inneminister a vun 2007 bis 2011 fëderale Minister fir Entwécklungszesummenaarbecht (ënner de Premiere Guy Verhofstadt, Yves Leterme (zweemol) an Herman Van Rompuy). Am Februar 2011 huet e säi Ministeramt néiergeluecht fir President vum MR ze ginn. Hie war weiderhin zanter 2000 Member vum Gemengerot vu Wavre an zanter 2006 Buergermeeschter vun do (empéché, während senge Ministeschämter).

De Charles Michel ass de Jong vum Politiker Louis Michel.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Charles Michel (politician) – Biller, Videoen oder Audiodateien