Charles Schaack (Jurist)

Vu Wikipedia
Charles Schaack
Gebuer 20. Mäerz 1867
Lëtzebuerg
Gestuerwen 28. Juli 1925
Dikrech
Aktivitéit Riichter, Historiker
Famill
Papp Hyacinthe Schaack
Geschwëster Edouard Schaack
Kanner Joseph Schaack (1902)

De Charles Jean-Pierre Schaack, gebuer den 20. Mäerz 1867 an der Stad Lëtzebuerg,[1] gestuerwen den 28. Juli 1925[2] zu Dikrech, war e lëtzebuergesche Jurist an Historiker.

Jurist[änneren | Quelltext änneren]

De Charles Schaack huet op der Universitéit vu Gent Droit studéiert. 1893 huet hien den Ofschlossexamen als Docteur en droit gemaach an als Stagiär an der Etüd Joseph Neumann[3] an der Stad seng Carrière als Affekot ugefaangen. Am Mäerz 1899 ass de Charles Schaack, "avocat-avoué à Luxembourg", zweeten Ergänzungsriichter beim Friddensgeriicht vum Kanton Lëtzebuerg genannt ginn.[4] Den 13. Dezember 1900 ass hien zum éischten Ergänzungsriichter beim Bezierksgeriicht Lëtzebuerg avancéiert.[5]

De 26. Juni 1901 gouf hie Bürochef an der Regierung, an der Divisioun vun der Justiz,[6] an den 30. Juni 1901 ass hie provisoresch zum secrétaire adjoint vum Staatsrot ernannt ginn.[7]

De 27. Mäerz 1903 gouf de Charles Schaack Riichter beim Bezierksgeriicht vun Dikrech genannt.[8] De 14. Mee 1915 gouf hie Conseiller à la Cour supérieure de justice[9] an den 23. Juni 1916 Procureur zu Dikrech.[10]

Vun 1920/21 un huet hien am Dikrecher Kolléisch Droitscoursë ginn.[11]

Philanthrop[änneren | Quelltext änneren]

Als déifgleewege Mënsch war de Charles Schaack an der Dikrecher Kierchefabréck aktiv an hie war och President[2] dovun. Wärend dem Éischte Weltkrich huet hien zesumme mam Paschtouer Wilhelm Hülsemann vun 1914 bis 1918 am Ganzen 22 Expeditioune fir d'Rout Kräiz an d'Belsch an a Frankräich ënnerholl, fir do de blesséierten Zaldoten an der Zivilpopulatioun ze hëllefen.[12] Déi zwéin hu sech donieft nach speziell ëm belsch Weesekanner gekëmmert, an dat net nëmme wärend dem Krich[13], mä och nach duerno. Zousätzlech hu si nom Krich en Hëllefswierk fir Éisträich gegrënnt.[10]

D'Famill[änneren | Quelltext änneren]

De Charles Schaack huet sech 1898 mat der Christine Jacopssen de Dankaertseeke, déi aus enger Adelsfamill vu Gent gestaamt huet, bestuet.[3] Si kruten zéng Kanner, siwe Jongen an dräi Meedercher. Eent vun de Meedercher ass als Puppelche gestuerwen,[3] an ee vun de Jongen, den Edouard, ass den 30. Abrëll 1925 no enger “kuerzer a penibler Krankheet” zu Dikrech am jonken Alter vu 17 Joer verscheet.[14]

De Charles Schaack war de Fils vum Hyacinthe Schaack, de Brudder vum Abbé Edouard Schaack an de Schwoer vum Alfred Houdremont. Hie war de Papp vum Joseph Schaack S.J. an de Grousspapp vum Raymond Schaack an deem sengem Cousin Alain Schaack.

Den Historiker[änneren | Quelltext änneren]

Grad wéi säi Papp huet de Charles Schaack sech och fir Geschicht intresséiert. Hien ass den Auteur vun engem monumentale Wierk iwwer d'Lëtzebuerger, déi vu 1792 bis 1815 an der franséischer Arméi gekämpft hunn (Les Luxembourgeois, soldats de la France: 1792-1815).

Publikatiounen[änneren | Quelltext änneren]

  • Un ancien sceau de l'abbaye d'Echternach. Publications de la Section historique de l'Institut grand-ducal de Luxembourg, XLIV, 1895, S. 317-320.
  • Les Luxembourgeois, soldats de la France: 1792-1815.[15]
    • Tome I: Les survivants. Publications de la Section historique de l'Institut grand-ducal de Luxembourg, LVII, 1909, S. 1-735.[16]
    • Tome II: Les disparus. Les survivants (supplément au tome I). Publications de la Section historique de l'Institut grand-ducal de Luxembourg, LVIII, 1910, S. 13-795.[17]
  • Les Luxembourgeois, soldats de la France: 1792-1815. Diekirch: Impr. J. Schroell, 1910, 2 volumes. [Extrait de: Publications de la Section Historique de l'Institut G.-D. de Luxembourg, vol. LVII(1909) et LVIII (1910)].

E Fall fir de Charel[änneren | Quelltext änneren]

De Charles Schaack ass de Protagonist vun de Kriminalgeschichten, déi de Raymond Schaack zesumme mat sengem Fils Luc ënner dem Titel E Fall fir de Charel (2001) an Nei Fäll fir de Charel (2010) publizéiert huet.[18]

Gielercher[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]


Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Blum, Martin, 1981. Bibliographie luxembourgeoise ou catalogue raisonné de tous les ouvrages ou travaux littéraires publiés par des Luxembourgeois ou dans le Grand-Duché actuel de Luxembourg. Première partie: Les auteurs connus. Nouvelle édition, complétée, avec introduction et index analytique, par Carlo Hury. First published 1902-1932. Reprinted 1981. München, Kraus International Publications, vol. 2: M-Z, S. 379.
  2. 2,0 2,1 2,2 Luxemburger Wort 1925, Nr. 210 (29. Juli), S. 3 (Avis mortuaire). [1] — De Gregor Spedener gëtt iertemlecherweis den 29. Juli 1925 als Stierfdatum un (Die im Luxemburger Lande lebten und webten. Biographische Notizen. Grevenmacher 1937, S. 79).
  3. 3,0 3,1 3,2 Luc & Raymond Schaack, 2010. Nei Fäll fir de Charel - Kriminalgeschichten. Lëtzebuerg, St.-Paulus Verlag, S. 7-9 (Virwuert).
  4. Arrêté grand-ducal du 20 mars 1899. Mémorial du Grand-Duché de Luxembourg 1899, S. 140. [2]
  5. Mémorial du Grand-Duché de Luxembourg 1900, S. 796 Gearchiveerd op 2016-03-05. Gekuckt de(n) 2011-12-21.
  6. Mémorial du Grand-Duché de Luxembourg 1901, S. 471
  7. Mémorial du Grand-Duché de Luxembourg 1901, S. 511 Gearchiveerd op 2016-03-05. Gekuckt de(n) 2011-12-21.
  8. Mémorial du Grand-Duché de Luxembourg 1903, S. 326 Gearchiveerd op 2016-03-05. Gekuckt de(n) 2011-12-21.
  9. Mémorial 1915, S. 458 Gearchiveerd op 2011-09-15. Gekuckt de(n) 2011-12-18.
  10. 10,0 10,1 Luxemburger Wort 1925, Nr. 210 (29. Juli), S. 3 (Diekirch, 29. Juli.)
  11. Heuertz, Félix, 1922. Le personnel de l'enseignement moyen ou secondaire du Grand-Duché de Luxembourg 1839-1922 (1er août). Programme du Gymnase de Luxembourg 1921-1922, Luxembourg, S. 54.
  12. Schaack, Raymond, 2014. Souvenirs de la Première Guerre mondiale. Les 22 expéditions de Charles Schaack: le procureur de Diekirch au nom de la Croix-Rouge dans les régions frontalières sinistrées. Die Warte 2014, Nr. 28 (6. November), S. 6.
  13. Kuck z. B.: Luxemburger Wort 1915, Nr. 49 (18. Februar), S. 3 (Ein Zwischenfall)[3]
  14. Luxemburger Wort 1925, Nr. 121 (1. Mai), S. 4 (Avis mortuaire)
  15. Medernach, Paul, 1983. Table générale des Publications de la Section historique de l'Institut grand-ducal. Fascicules 1 à 93. Publications de la Section historique de l'Institut grand-ducal de Luxembourg, XCVII, 1983, S. 55.
  16. Heizou gëtt et eng Renzensioun vum René Engelmann, déi de 5. Dezember 1909 an der Zeitung Der Landwirt publizéiert gouf. Den Text dovunner ass ze fannen am Artikel Vermischte Schriften (1), in: Galerie 6 (1988), N° 1, S. 101-102.
  17. Och heizou gëtt et eng Renzensioun vum René Engelmann, déi de 5. Mäerz 1911 an der Zeitung Der Landwirt publizéiert gouf. Cf. Vermischte Schriften (1), in: Galerie 6 (1988), N° 1, S. 102.
  18. Conter, C.D.: Schaack, Raymond In: Luxemburger Autorenlexikon. Online-Versioun. [4] (de)
  19. Memorial N°8 vun 1920 mat enger Lëscht vu Leit déi am Ordre de la couronne de chêne dekoréiert goufen