Charles Wirtgen
Ausgesinn
| Charles Wirtgen | |
|---|---|
| Gebuer | 13. Abrëll 1904 |
| Gestuerwen | 29. Juni 1995 |
| Nationalitéit | Lëtzebuerg |
| Aktivitéit | Deputéierten an der Lëtzebuerger Chamber |
| Fonctioun | Buergermeeschter |
| Gielercher | Chevalier vum Ordre de la couronne de chêne |
| Famill | |
| Papp | Nicolas Wirtgen |
| Geschwëster | Ferdinand Wirtgen |
|
| |
Den Nicolas Charles Wirtgen, gebuer den 13. Abrëll 1904 zu Olm, a gestuerwen den 29. Juni 1995 an der Stad Lëtzebuerg[1], war e lëtzebuergesche Bauer a Politiker.
Hie war vun 1946 bis 1947 den éischte President vun de Lëtzebuerger Jongbaueren a Jongwënzer.[2]
Hie gouf de Juni 1948 fir d'éischt als Deputéierten am Walbezierk Süden an d'Chamber gewielt a gouf 5 mol erëmgewielt. Hie war bis Oktober 1968 fir CSV Deputéierten.[3]
De Charles Wirtgen war Buergermeeschter vun der Gemeng Fréiseng.[4]
Gielchen
[änneren | Quelltext änneren]
Chevalier vum Ordre de la couronne de chêne (Promotioun 1958)[5]
Referenzen
[Quelltext änneren]- ↑ Den Nicolas Charles Wirtgen op der Websäit http://gw.geneanet.org
- ↑ Lëscht vun de Presidente vun de Lëtzebuerger Jongbaueren a Jongwënzer
- ↑ Noruff an der 58. Sëtzung vun der Chamber de 4. Juli 1995
- ↑ Bulletin d'information du Ministère d'Etat Août Septembre 1953 op der Säit 108 'L a Fête du Septième Centenaire de la Naissance de Pierre d'Aspelt
- ↑ Memorial A N°12 vun 1958 mat der Lëscht vun de Leit déi 1958 eng Auszeechnung am Ordre de la couronne de chêne kritt hunn Archivéiert de 05.03.2016. Gekuckt den 28.10.2014.
