Op den Inhalt sprangen

Charles d'Huart

Vu Wikipedia
Dësen Artikel iwwer e Politiker ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
Charles d'Huart
Gebuer 1. Juni 1797
Bartreng
Gestuerwen 16. November 1864
Munneref
Alter 67 Joer
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Lokalpolitiker
Fonctioun Buergermeeschter vu Bartreng
Famill
Kanner Jacques Philippe Joseph d'Huart
Stroosseschëld zu Bartreng

De Jean-François-Joseph-Charles d'Huart, genannt Charles d'Huart[1], gebuer den 1. Juni 1797 zu Bartreng[2], a gestuerwen de 16. November 1864 zu Munneref[3] war e lëtzebuergesche Lokalpolitiker.

Seng Eltere waren de Barong Jacques Philippe Joseph d'Huart (1754 – 1816) an d'Marie Françoise Henriette De Dampont, Damm vu Schwerdorff (1759 – 1811). Den 3. Dezember 1823 huet hie sech an der Stad mat der Marie Elisabeth Thérèse Suttor, Duechter vum Jean Pierre Suttor, bestuet[2]; d'Koppel krut ee Kand, de Charles Gustave Alexandre (1828 – 1899).[1]

De Charles d'Huart war vun 1817 bis 1824 an nach eng Kéier vun 1831 bis 1837 Buergermeeschter vun der Gemeng Bartreng[4].

Fir un hien z'erënnere gouf zu Bartreng eng Strooss, d'Rue J. F. J. D'Huart no him genannt[5].

Referenzen

[Quelltext änneren]
  1. 1 2 (fr) Charles d'Huart (1797 - 1864). man8rove.com. Gekuckt de 05.02.2026.
  2. 1 2 Acte de mariage N° 81. CT-03-02-0868 Mariages, 1822-1828 (Registre) S. 46. Archives nationales, Ville de Luxembourg (03.12.1823). Gekuckt de 05.02.2026.
  3. (de) Doudeschäin N° 24 S. 55. Archives nationales, Commune de Mondorf. Gekuckt de 05.02.2026.
  4. (fr) Historique – Bourgmestres et échevins. www.bertrange.lu. Gekuckt de 05.02.2026. „Stand 05.02.2026 weist d'Websäit de Jean-François Joseph d'Huart och als den éischte Buergermeeschter vu Bartreng (1805 – 1808) un; dat stëmmt awer net; dat war säi Papp, de Jacques Philippe Joseph“
  5. L-8068; Lag op geoportail.lu.