Charles vu Lëtzebuerg (1927)
Ausgesinn
| Dësen Artikel beschäftegt sech mat dem Fils vun der Groussherzogin Charlotte. Fir de Bouf vum Groussherzog Guillaume, kuckt wgl. Charles vu Lëtzebuerg (2020). |
| Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran. |
| Charles vu Lëtzebuerg | |
|---|---|
|
| |
| Titelen | |
| Biographie | |
| Gebuer |
7. August 1927 Colmer-Bierg |
| Gestuerwen |
26. Juli 1977 Pistoia |
| Bestuet mat | Joan Douglas-Dillon |
| Papp | Felix vu Bourbon-Parma |
| Mamm | Charlotte vu Lëtzebuerg |
| Geschwëster | Jean vu Lëtzebuerg, Marie-Adélaïde vu Lëtzebuerg, Marie-Gabrielle vu Lëtzebuerg, Alix vu Lëtzebuerg, Élisabeth vu Lëtzebuerg |
| Kanner | Prinzessin Charlotte vu Lëtzebuerg, Prinz Robert vu Lëtzebuerg |
|
| |
De Prënz Charles vu Lëtzebuerg, gebuer de 7. August 1927, a gestuerwen de 26. Juli 1977, war de jéngste Jong vun der Groussherzogin Charlotte vu Lëtzebuerg a vum Prënz Felix vu Bourbon-Parma.
Hien huet um Collège Jean-de-Brébeuf zu Montreal, um Collège Saint-Charles-Garnier zu Québec[1] an der Loyola School zu New York[2] studéiert.
Hie war mat der Joan Douglas-Dillon bestuet, der Duechter vum fréieren amerikaneschen Tresorminister, an US-Ambassadeur a Frankräich, C. Douglas Dillon, a war de Papp vun zwee Kanner, Robert a Charlotte. Hie war de Monni vum Henri vu Lëtzebuerg.
De 24. Mäerz 1969 gouf hien als Member vum Staatsrot nominéiert an ass dat bis zu sengem Doud bliwwen.[3]
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]| Commons: Charles vu Lëtzebuerg (1927) – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Referenzen
[Quelltext änneren]- ↑ (fr) Philippe Bernier Arcand, Les Bourbon-Parme dans les institutions d’enseignement du Québec. Histoire Québec 24–28 (2022). Gekuckt den 22.06.2025.
- ↑ Special to The New York Times, Mrs. Joan Dillon Betrothed to Prince; She Will Be Wed in Spring to Charles of Luxembourg. The New York Times (11.02.1967). Gekuckt den 22.06.2025.
- ↑ Lëscht vun de Membere vum Staatsrot op der Websäit vum Staatsrot Archivéiert den 20.07.2016. Gekuckt den 22.07.2016.
