Chorobat

Vu Wikipedia

De Chorobat ass ee réimescht Vermiessungsinstrument. E kann och als Miessdunn bezeechent ginn an ass eng fréi Form vum Niveléierungsinstrument.

Et existéiert nëmmen nach eng Beschreiwung vum Vitruv. Skizzen oder Fragmenter gëtt et keng. Vill schlau Käpp, ënner hinnen de Leonardo da Vinci, hu sech domat beschäftegt, wéi dëst Instrument ausgesi kéint hunn.

De Chorobat bestoung aus engem 20 Fouss (≈ 6m) laangen Träger mat vertikale Stäipen, meeschtens ganz aus Holz. E gouf entweeder mat engem Senkel riicht gesat, oder duerch Observatioun vum Niveau an engem mat Waasser gefëllte Kulang um Fouss horizontal stabiliséiert. De Chorobat konnt also och als „Waasserwo“ gebraucht gi sinn.

De Chorobat gouf besonnesch beim Bau vu Waasserleitungen (Aqueducen), Brécken (Viaducen) an Tunnelen agesat.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

http://www.unrv.com/roman-events/chorobates.php (sou huet méiglecherweis e Chorobat ausgesinn)