Op den Inhalt sprangen

Christchurch

Vu Wikipedia
Christchurch
Land Neiséiland
Awunner 383.200
  30. Juni 2020
Fläch 295,15 km²
Héicht 20 m
Koordinaten 43°31'52"S, 172°38'10"O
Telefonszon 03
Postcode 8011
Websäit https://www.ccc.govt.nz/

Christchurch (Maori: Ōtautahi) ass eng Stad an Neiséiland. Et ass déi gréisst Stad op der Südinsel and déi zweetgréisst Stad am Land no der Bevëlkerung. Christchurch huet als Stad 383.200 Awunner (2020) an iwwer eng hallef Millioun, wann een d'Faubourge matzielt. Se läit an der Regioun Canterbury, op halwer Héicht vun der Ostküst vun der Südinsel, am Oste vun de Canterbury Plains. Méi Prezis läit s'um südlechen Enn vun der Pegasus Bay, mat um ëstleche Wupp dem Pazifeschen Ozean an am Süden dem fréiere Vulkankomplex vun der Banks Hallefinsel.

Den Avon River (Ōtākaro) leeft duerch de Stadzentrum, mat u sengen Uwänner dem Hagley Park, engem grousse Stadpark. Mat Ausnam vun de Port Hills ass et eng relativ flaach Stad, mat enger Héicht vun an der Moyenne 20 Meter iwwert dem Mier. Christchurch huet de Ruff, 'englesch' ze sinn, ë.a. wéinst sengem architektonesche Glach mat Gaardestied an England. Et fënnt een awer och vill Aflëss vum Vollek vun de Māori.

D'Géigend vum haiteger Christchurch gouf fir d'éischt am der Mëtt vum 13. Jorhonnert duerch de Waitaha-Stamm vun de Maori besidelt, hir kleng Sidlungen am Sumpfgebitt goufen am 16. Joerhonnert vum Kāti Māmoe Stammeruewert, déi hirersäits ee Joerhonnert méi spéit vu Kāi Tahu iwwerholl goufen. Ōtautahi war saisonal bewumnt, iwwerdeems zu Kaiapoi Pā e gréisseren Handelsposten opgeriicht gouf. Am 19. Joerhonnert hunn d'Britten ugefaangen, eng Kolonialsidlung ozeriichten. 1850 hu 4 Schëffer vun der Canterbury Association déi sougenannt Canterbury Pilgrims vu Groussbritannien op Lyttelton Harbour bruecht. Dëse gouf den 31 Juli 1856 duerch e kinneklecht Dekreet offiziell eng Stad, an domat déi eelste Stad an Neiséiland.

Am 20. Joerhonnert huet Christchurch sech schëtzeg industriell entwéckelt, sou dass d'Bevëlkerung staark gewuess ass, wouzou och den Uschloss un d'Main South Line vun der Eisebunn an de staatlech gefërderte Wunnegsbau mat bäigedroen hunn

Christchurch huet eng Universitéit, d'University of Canterbury, an e Fluchhafen.

2011 koume bei engem Äerdbiewen 185 Leit ëm d'Liewen, an Dausende vu Gebaier goufe beschiedegt oder zerstéiert.

Den Numm vun der Stad an der Māorisprooch, Ōtautahi, heescht sou vill wéi d'Plaz vun den Tautahi.

 Commons: Christchurch – Biller, Videoen oder Audiodateien