Christian Wulff

Vu Wikipedia
Christian Wulff
Gebuertsnumm Christian Wilhelm Walter Wulff
Gebuer 19. Juni 1959
Osnabrück
Nationalitéit Däitschland
Aktivitéit Politiker, Affekot
Partei CDU

De Christian Wilhelm Walter Wulff, gebuer den 19. Juni 1959 zu Osnabrück, ass en däitsche Politiker (CDU). Hie gouf den 30. Juni 2010 zum däitsche Bundespresident gewielt an huet säin Amt den 2. Juli 2010 ugetrueden. De 17. Februar 2012 ass hien zeréckgetrueden, nodeem bekannt gi war, datt hien a senger vireger Funktioun gewëss Avantagen ugeholl hat, déi domat net kompatibel waren.[1]

Virdru war hien zanter 2003 Ministerpresident vum Bundesland Niddersachsen.

De Wulff ass e Jurist an Affekot, an zanter 1975 politesch an der CDU aktiv. Hie souz tëscht 1986 an 2001 am Gemengerot vun Osnabrück an zanter 1994 am "Landtag" (Regionalparlament) vun Niedersachsen. Zweemol, 1994 an 1998 huet hien un der Spëtzt vun der CDU géint d'SPD ënner dem Gerhard Schröder d'Wale verluer, ier e se dunn 2003 géint den deemolege Ministerpresident Sigmar Gabriel gewonnen huet.

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. "Christian Wulff zurückgetreten, Merkel sucht Konsenskandidaten". spiegel.de, 17.02.2012.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Christian Wulff – Biller, Videoen oder Audiodateien