Christine Kangaloo

Vu Wikipedia
Christine Kangaloo
Gebuer 1. Dezember 1961
San Fernando
Nationalitéit Trinidad an Tobago
Educatioun University of the West Indies
Aktivitéit Politiker
Partei PNM

D'Christine Carla Kangaloo, gebuer den 1. Dezember 1961 zu San Fernando, ass eng trinidadesch Politikerin an Affekotin. Nodeems se Ministesch a Senatspresidentin war, gouf se am Mäerz 2023 Staatspresidentin vun hirem Heemechtsland.

Liewen[änneren | Quelltext änneren]

Si gouf 2001 als Deputéiert vun der Partei PNM an dat trinidadescht Parlament gewielt a war vun 2005 bis 2007 Justizministesch a vun 2007 bis 2010 Ministesch fir Wëssenschaft, Technologie an Héichschoulbildung.

2015 gouf si zu der Senatspresidentin ernannt.

Den 20. Januar 2023 gouf si mat 48 zu 22 Stëmme vun enger Assemblée aus Parlament a Senat als nei Staatspresidentin gewielt.[1] Si gouf den 20. Mäerz dat Joer vereedegt.[2]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Christine Kangaloo – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. "Kangaloo is President-elect". guardian.co.tt, nogekuckt 2023-01-24.
  2. "Kangaloo inauguration set for March 20th." guardian.co.tt, nogekuckt: 2023-03-20}}