Christoph Salzmann

Vu Wikipedia
Christoph Salzmann
Gebuer 12. Dezember 1791
Aktivitéit Auteur

De Christoph Salzmann, gebuer ëm d'30er Jore vum 18. Joerhonnert zu Sarralbe a gestuerwen den 12. Dezember 1791, war e loutrengesche Paschtouer. Vun him ass déi bis ewell eenzeg Bibel, déi zu Lëtzebuerg publizéiert gouf: d'Lutzemburgische Handbibel Neuen Testaments vu 1772, déi e selwer op Däitsch iwwersat huet.

De Christoph Salzmann gouf 1757 zum Paschtouer geweit. Hie war fir d'éischt Kaploun zu Eescherengen. 1772 gouf e Paschtouer zu Haut-Clocher an 1787 zu Harprich . No der Franséischer Revolutioun huet hie refuséiert, den Eed op déi nei Verfassung ofzeleeën, an ass 1791 pensionéiert ginn. Kuerz duerno ass e gestuerwen.

Vum Salzmann sinn zwee Bicher bekannt:

  • Lehr= Gebet= Gesang= Und Betrachtungsbuch, In Tägliche, wochentliche monatliche, jährliche und unbestimmte Andachten. Lëtzebuerg: Ierwe vum Buchdrécker André Chevalier, 1765; Neioplo Lëtzebuerg, Pierre Bruck, 1804.
  • Lutzemburgische Handbibel Neuen Testaments, Nach den Reegeln deutscher Sprache übersetzt: Mit kurzen Anmerkungen, gehörigen Registern, wichtiger Vorrede, und mit einem Kupferstiche des Stammbaums Jesu Christi versehen: durch Herrn Christoph Salzmann, Pfarrer zu Escheringen. Lëtzebuerg: Ierwe vum Buchdrécker André Chevalier, 1772.

Quell a Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Romain Hilgert: "Christoph Salzmanns 'Lutzemburgische Handbibel'". In: d'Lëtzebuerger Land Nr 3/16. Januar 2009, S. 18-19.