Chronologie vun de Moundmissiounen

Vu Wikipedia
Op d'Navigatioun wiesselen Op d'Siche wiesselen

Dës Lëscht notéiert chronologesch opgestallt all Raumsonden an bemannt Missiounen, déi mat dem Zil gestart goufen, den Äerdmound z'erreechen. Dobäi ginn och déi Missioune genannt, déi hiert Zil wéinst Feelfunktioun oder anere Grënn net erreecht hunn (Feelstart, mësslongene Bunnmanöver, Laanschtflich). Reng Feelstarte sinn ageklammert.
E Puer vun der Sowjetunioun gestart a feelgeschloe Mound-Missiounen goufen (am Fall vum Erreeche vun der Äerdëmlafbunn) als Satellitte bezeechnet a kruten Decknimm aus der Sputnik- oder Kosmos-Serie. D'Sonden, déi net emol d'Äerdëmlafbunn erreecht hunn, krute vun der UdSSR keng offiziell Bezeechnung. Si droen dofir Bezeechnungen, déi vun internationalen Experten no der Startsequenz vergi ginn, wéi z. B. Luna 1964A.

De Grad vum Erfolleg ass an de folgende Faarwe markéiert:

Mësserfolleg Deelerfolleg Erfollegräich lafend
Inhaltsverzeechnes: 1950er1960er1970er1990er2000er2010erGeplangt
# Missioun
(inkl. Fewlstart)
Bild Startdatum (UTC) Organisatioun (Land) Etappen
1950er: 5859
1. Pioneer 0 Pioneer-0-1-2 17. August 1958,
12:18
USAF (USA) Geplangt war e Laanschtfluch beim Mound. Explosioun vun der Thor-Able-Drorakéit 77 Sekonnen nom Start.
2. (Luna 1958A)
(E-1 Nr.1)
23. September 1958,
07:03:23
Sowjetunioun Geplangt war en haarden Opschlag um Mound. Explosioun vun der Luna-Drorakéit 93 Sekonnen nom Start.
3. (Pioneer 1) Pioneer-0-1-2 11. Oktober 1958,
08:42
NASA (USA) Geplangt war e Laanschtfluch beim Mound. Erreecht wéinst virzäiteger Ofschaltung vun der zweeter Stuf vun der Thor-Able nëmmen eng Héicht vun 113.854 km (30 % vun der Distanz Äerd-Mound) a vergloust no 43 Stonne Fluchdauer an der Äerdatmosphär.
4. (Luna 1958B)
(E-1 Nr.2)
11. Oktober 1958,
21:41:58
Sowjetunioun Geplangt war en haarden Opschlag um Mound. Explosioun vun der Luna-Drorakéit 104 Sekonnen nom Start.
5. (Pioneer 2) Pioneer-0-1-2 8. November 1958,
07:31
NASA (USA) Geplangt war e Laanschtfluch beim Mound. Erreecht wéinst Versoe vun der drëtter Stuf vun der Thor-Able-Drorakéit nëmmen eng Héicht vu 1500 km a vergloust beim Antrëtt an d'Äerdatmosphär.
6. (Luna 1958C)
(E-1 Nr.3)
4. Dezember 1958,
18:18
Sowjetunioun Geplangt war en haarden Opschlag um Mound. Versoe vun den Dreifwierker vun der Zentralstuf vun der Luna-Drorakéit 245 Sekonnen nom Start.
7. (Pioneer 3) Pioneer-3-4 6. Dezember 1958,
05:45
NASA (USA) Geplangt war e Laanschtfluch beim Mound. Erreecht wéinst virzäitegem Ofschalte vun der éischter Stuf vun der Juno-II-Drorakéit nëmmen eng Héicht vun 102.230 km (27 % vun der Distanz Äerd-Mound) a vergloust no 38 Stonne Fluchdauer an der Äerdatmosphär.
8. Luna 1
(E-1 Nr.4)
2. Januar 1959,
16:41:21
Sowjetunioun Éischt gegléckt Raumsond vun der Welt. Geplangt war en haarden Opschlag um Mound. Wéinst klenge Steierungsfeeler war d'Moundsond de 4. Januar 1959 ronn 6000 km laanscht den Äerdtrabant geflunn a war dunn an e Sonnenorbit geschwenkt. Hien huet dunn nëtzlech Stralungsmiesswäerter fir d'Analys vun der ierdescher Stralungsceinture (ee Joer virdru vum Explorer 1 entdeckt) geliwwert an huet d'Existenz vum Sonnewand bestätegt.
9. Pioneer 4 Pioneer-3-4 4. Mäerz 1959,
05:11
NASA (USA) Geplangte Laanschtfluch beim Mound, deen op engem Ofstand vu 60.000 km war. D'Sond huet dunn de Wierkungsberäich vun der Äerdschwéierkraaft verlooss a koum als éischt US-amerikanesch Raumsond an den interplanetare Raum.
10. Luna 1959A
(E-1A Nr.1)
18. Juni 1959,
08:08
Sowjetunioun Geplangt war en haarden Opschlag um Mound. Versoe vum Steierungssystem vun der Luna-Drorakéit 153 Sekonnen nom Start.
11. Luna 2
(E-1A Nr.2)
12. September 1959,
06:39:42
Sowjetunioun Haart Landung um Mound den 13. September 1959. Éischte kënschtlech Fluchkierper, dee geziilt op der Mounduewerfläch opgechloen hat.
12. Pioneer P-1
(Pioneer A)
Pioneer P 24. September 1959
NASA (USA) War geplangt als Moundorbiter. War explodéiert mat enger Atlas-Able-Rakéit bei stateschen Dreifwierkstests virum Start. Dës Sond gëtt dacks net ënner Moundmissiounen opgefouert, well keen tatsächleche Start gemaach gouf.
13. Luna 3
(E-2A Nr.1)
Luna 3 4. Oktober 1959,
00:43:40
Sowjetunioun Geplangte Laanschtfluch beim Mound war de 6. Oktober 1959 op enger Distanz vu 6200 km. D'Sond hat am Ganzen 29 Fotoe gemaach, dorënner éischt Fotoe vun der Äerdmoundrécksäit. Lunik 3 vergloust am Abrëll 1960 an der Äerdatmosphär.
14. Pioneer P-3
(Pioneer B)
Pioneer P 26. November 1959,
07:26
NASA (USA) War geplangt als Moundorbiter. Zerstéiert duerch d'Versoe vun der Notzlaschtverkleedung vun der Atlas-Able-Rakéit 45 Sekonnen nom Start.
1960er: 60616263646566676869
15. Luna 1960A
(E-3 Nr.1)
15. Abrëll 1960,
15:06:44
Sowjetunioun Geplangt war e Laanschtfluch beim Mound. Wéinst engem virzäitegen Ofschalte vun der drëtter Stuf vun der Luna-Drorakéit gëtt nëmmen eng Héicht vun zirka 200.000 km erreecht a se vergloust uschléissend an der Äerdatmosphär.
16. Luna 1960B
(E-3 Nr.2)
16. Abrëll 1960,
16:07:43
Sowjetunioun Geplangt war e Laanschtfluch beim Mound. Auserneebrieche vun der Luna-Drorakéit kuerz nom Start wéinst enger Feelfunktioun an engem Booster.
17. Pioneer P-30
(Pioneer C)
Pioneer P 25. September 1960,
15:13
NASA (USA) War geplangt als Moundorbiter. Wéinst Versoe vun der zweeter Stuf vun der Atlas-Able-Drorrakéit gëtt d'Äerdëmlafbunn net erreecht.
18. Pioneer P-31
(Pioneer D)
Pioneer P 15. Dezember 1960,
08:40
NASA (USA) War geplangt als Moundorbiter. Atlas-Able-Drorakéit explodéiert kuerz nom Start.
19. Ranger 1 Ranger 1 23. August 1961 NASA (USA) War geplangt fir Ingenieurtester an Andréngen an de moundnoe Raum; keng reng Moundmissioun. Konnt opgrond vun enger Feelfunktioun an der Uewerstuf der Atlas-Agena-B-Drorakéit den niddregen Äerdorbit net verloossen a war e puer Deeg méi spéit an der Äerdatmosphär vergloust.
20. Ranger 2 Ranger 2 18. November 1961 NASA (USA) War geplangt fir Ingenieurtester an Andrengen an de moundnoe Raum; keng reng Moundmissioun. Konnt wéinst enger Feelfunktioun an der Uewerstuf vun der Atlas-Agena-B-Drorakéit den niddregen Äerdorbit net verloossen a vergloust e puer Deeg méi spéit an der Äerdatmosphär (ähnlech wéi Ranger 1).
21. Ranger 3 Ranger 3-4-5 26. Januar 1962 NASA (USA) Geplangt war en haarden Opschlag a Landung vun enger Kapsel um Mound. D'Sond ass wéinst ze héijer Vitess op enger Distanz vu 36.000 km laanscht de Mound geflunn a war an eng Sonnenëmlafbunn geroden. D'Sond hat keng Biller iwwermëttelt.
22. Ranger 4 Ranger 3-4-5 23. Abrëll 1962 NASA (USA) Geplangt war en haarden Opschlag a Landung vun enger Kapsel um Mound. De Kontakt zu der Sond war nom Start ofgebrach. D'Sond war de 26. Abrëll 1962 stomm um Mound opgeschloen. Ranger 4 war trotz dem Feelschlag déi éischt US-Raumsond, déi d'Mounduewerfläch erreecht hat.
23. Ranger 5 Ranger 3-4-5 18. Oktober 1962 NASA (USA) Geplangt war en haarden Opschlag an eng Kapsellandung um Mound. Och hei gouf et nach um Startdag e Kommunikationsofbroch. D'Sond war openger Distanz vu 700 km laanscht de Mound geflunn a koum dunn an eng Sonnenëmlafbunn.
24. Sputnik 25
(E-6 Nr.1)
4. Januar 1963 Sowjetunioun Geplangt war eng mëll Landung um Mound. Duerch d'Versoe vun der véierter Stuf vun der Molnija-Drorakéit erreecht se nëmmen d'Äerdëmlafbunn.
25. Luna 1963A
(E-6 Nr.2)
3. Februar 1963 Sowjetunioun Geplangt war eng mëll Landung um Mond. Wéinst Versoe vun der Molnija-Drorakéit gëtt d'Äerdëmlafbunn net erreecht.
26. Luna 4
(E-6 Nr.3)
2. Abrëll 1963,
08:04
Sowjetunioun Geplangt war eng mëll Landung um Mound. Duerch e Feeler an der Navigatioun koum et zum Laanschtfluch op enger Distanz vun 8336,2 km.
27. Ranger 6 Ranger 6-7-8-9 30. Januar 1964 NASA (USA) Geplangten haarden Opschlag um Mound den 2. Februar 1964. Virgesi waren och Fotoe vun der Mounduewerfläch déi vun no geholl sollte ginn, d'Kameraen hate sech net virum Opschlag aktivéiere gelooss.
28. Luna 1964A
(E-6 Nr.4)
21. Mäerz 1964 Sowjetunioun Geplangt war eng mëll Landung um Mound. Duerch d'Versoe vun der Molnija-Drorakéit gëtt d'Äerdëmlafbunn net erreecht.
29. Luna 1964B
(E-6 Nr.5)
20. Abrëll 1964 Sowjetunioun Geplangt war eng mëll Landung um Mound. Kënnt awer duerch d'Versoe vun der Molnija-Drorakéit net an d'Äerdëmlafbunn.
30. Ranger 7 Ranger 6-7-8-9 28. Juli 1964 NASA (USA) Geplangt war en haarden Opschlag um Mound den 31. Juli 1964. D'Sond hat kuerz virum Opschlag 4300 no Fotoe vun der Mounduewerfläch gesent.
31. Ranger 8 Ranger 6-7-8-9 17. Februar 1965 NASA (USA) Geplangten haarden Opschlag um Mound den 20. Februar 1965. 7300 Biller goufe virum Opschlag gesent.
32. Kosmos 60
(E-6 Nr.6)
12. Mäerz 1965 Sowjetunioun Geplangt war eng mëll Landung um Mound, awer wéinst Versoe vun der véierter Stuf vun der Molnija-Drorakéit gëtt nëmmen d'Äerdëmlafbunn erreecht.
33. Ranger 9 Ranger 6-7-8-9 21. Mäerz 1965 NASA (USA) Geplangten haarden Opschlag um Mound de 24. Mäerz 1965. 5800 Biller vun der Mounduewerfläch goufen iwwerdroen, an och live an der US-Televisioun gewisen.
34. Luna 1965A
(E-6 Nr.7)
10. Abrëll 1965 Sowjetunioun Geplangt war eng mëll Landung um Mound. Wéinst Versoe vun der drëtter Stuf vun der Molnija-Drorakéit hat se net emol d'Äerdëmlafbunn erreecht.
35. (Luna 5)
(E-6 Nr.8)
9. Mee 1965,
07:55
Sowjetunioun Geplangt war eng mëll Landung um Mound. War, nodeem d'Buedemstatioun d'Kontroll iwwer d'Haaptdreifwierk verluer hat, den 12. Mee op de Mound gefall. Ursaach war eng onkontrolléierbar Rotatioun vun der Sond.
36. Luna 6
(E-6 Nr.9)
6. Juni 1965,
07:41
Sowjetunioun Geplangt war eng mëll Landung um Mound. D'Sond verfeelt awer de Mound, well eng Kurskorrektur an déi falsch Richtung gemaach gouf, an ass sou op enger Distanz vun 159.218 km laanscht geflunn.
37. Zond 3 18. Juli 1965 Sowjetunioun Ufanks fir de Mars geplangt. Wéinst Startverschleefungen an dem Schléisse vun der Mars-Startfënster gouf si awer op de Mound geschéckt. Geprouft gouf beim Mound-Laanschtfluch (op 9200 km Distanz) e Kamerasystem an et goufen aner Experimenter gemaach. Si hat Date bis op eng Distanz vun 30 Millioune km geliwwert.
38. Luna 7
(E-6 Nr.10)
4. Oktober 1965 Sowjetunioun Geplangt war eng mëll Landung um Mound. D'Lagkontrollsystem war virun der Landung ausgefall, soudatt d'Zündung vum Bremsdreifwierk ausgefall ass; uschléissend war d'Sond op de Mound gefall.
39. Luna 8
(E-6 Nr.11)
3. Dezember 1965 Sowjetunioun Geplangt war eng mëll Landung um Mound. Ass awer néng Sekonnen nom Zünde vum Bremsdreifwierk an eng Rotatioun geroden a war haart op de Mound opgeschloen.
40. Luna 9
(E-6 Nr.12)
31. Januar 1966 Sowjetunioun Éischt mëll Landung um Mound an der Geschicht vun der Raumfaart. D'Sond hat d'Stralung un der Mounduewerfläch gemooss an hat Panorame vun der Mounduewerfläch op d'Äerd geschéckt. De Lander hat (bis d'Batterië platt waren) bis de 6. Februar 1966 geschafft.
41. (Kosmos 111)
(E-6S Nr.1)
Luna E-6S 1. Mäerz 1966 Sowjetunioun War als Moundorbiter geplangt, awer duerch d'Versoe vun der véierter Stuf vun der Molnija-Drorakéit gëtt nëmmen Äerdëmlafbunn erreecht.
42. Luna 10
(E-6S Nr.2)
Luna E-6S 31. Mäerz 1966 Sowjetunioun War den 3. Abrëll 1966 als éischt Raumsond an e Moundorbit ageschwenkt. D'Kamerasystem u Bord vun der Sond hat sech awer net a Betrib huele gelooss, et konnten awer aner Experimenter erfollegräich gemaach ginn.
43. Surveyor 1 Surveyor 30. Mee 1966 NASA (USA) Mëll Landung um Mound den 2. Juni 1966. Hat bis de 14. Juli 1966 ronn sechs Wochen op der Mounduewerfläch geschafft an 11.200 Biller iwwerdroen. Éischt mëll Moundlandung vun enger US-amerikanescher Sond.
44. Explorer 33
(IMP-D)
Explorer 33 (IMP-D) 1. Juli 1966 NASA (USA) Geplangt als Orbiter fir d'Erfuerschung vum Magnéitfeld an der Moundëmlafbunn, awer duerch e Rakéitefeeler gëtt nëmmen den Äerdorbit erreecht.
45. Lunar Orbiter 1 Lunar Orbiter 10. August 1966 NASA (USA) War véier Deeg nom Start an e Moundorbit ageschwenkt a war domat den éischten Orbiter vun den USA. Ab dem 26. Moundëmlaf den 18. August hat d'Sond ugefaange mat Iwwermëttelung vu Fotoen. Bis zum Ofstuerz den 29. Oktober 1966 goufen 229 Biller gemaach.
46. Luna 11
(E-6LF Nr.1)
Luna E-6LF 24. August 1966 Sowjetunioun War de 27. August 1966 an eng Moundëmlafbunn agetrueden. Hat Experimenter duerchgefouert, konnt awer wéinst Kameraproblemer keng Moundfotoe maachen.
47. Surveyor 2 Surveyor 20. September 1966 NASA (USA) Geplangt war eng mëll Moundlandung, war awer zwéi Deeg nom Start haart um Mound opgeschloen an zerstéiert ginn.
48. Luna 12
(E-6LF Nr.2)
Luna E-6LF 22. Oktober 1966 Sowjetunioun War de 25. Oktober 1966 an e Moundorbit agetrueden. Hat Experimenter duerchgefouert a Fotoe geliwwert.
49. Lunar Orbiter 2 Lunar Orbiter 6. November 1966 NASA (USA) War véier Deeg nom Start an e Moundorbit agetrueden an hat bis zum Opschlag den 11. Oktober 1967 817 Biller iwwerdroen.
50. Luna 13
(E-6M Nr.1)
Luna 13 Lander 21. Dezember 1966 Sowjetunioun Mëll Landung um Mound de 24. Dezember 1966. De Lander hat geschafft, bis d'Batterien den 30. Dezember 1966 eidel waren an hat vill Panoramabiller op d'Äerd geschéckt.
51. Lunar Orbiter 3 Lunar Orbiter 5. Februar 1967 NASA (USA) War dräi Deeg nom Start an e Moundorbit agetrueden an hat bis zum Ofstuerz den 10. Oktober 1967 626 Biller iwwermëttelt. Wéinst e puer Feelfunktioune gëllt de Lunar Orbiter 3 als net ganz erfollegräich.
52. Surveyor 3 Surveyor 17. Abrëll 1967 NASA (USA) Mëll Landung um Mound den 20. Abrëll 1967. War bis zum 4. Mee 1967 aktiv, hat 6300 Biller iwwermëttelt an hat Buerexperimenter ausgefouert.
53. Lunar Orbiter 4 Lunar Orbiter 4. Mee 1967 NASA (USA) War véier Deeg nom Start an e Moundorbit ageschwenkt. D'Ëmlafbunn war am Géigesaz zu de fréiere Missioune méi héich höher a bal polar. D'Sond hat bis zum Ofstuerz den 31. Oktober 1967 546 Biller gemaach. Doduerch gouf viischt Äerdmoundsäit bal vollstänneg an d'Récksäit zu ronn 3/4 erfaasst.
54. Surveyor 4 Surveyor 14. Juli 1967 NASA (USA) Geplangt war eng mëll Landung um Mound. Ass awer de 17. Juli 1967 haart opgeschloen an dobäi zerstéiert.
55. Explorer 35
(IMP-E)
Explorer 35 (IMP-E) 19. Juli 1967 NASA (USA) Moundsatellit fir d'Erfuerschung vum Magnéitfeld an der Moundëmlafbunn. En erreecht den 21. Juli 1967 de Moundorbit a gouf eréischt de 24. Juni 1973 no sechs erfollegräiche Joren ofgeschalt.
56. Lunar Orbiter 5 Lunar Orbiter 1. August 1967 NASA (USA) War de 4. August an eng polar, staark elliptesch Moundëmlafbunn ageschwenkt, déi dicht un d'Uewerfläch gefouert hat. Vum 6. August 1967 un goufen 844 Biller iwwerdroen, ë. a. vun der nach net ganz erfaasstener Moundrécksäit. Den 31. Januar 1968 ass d'Sond op de Mound gestierzt.
57. Surveyor 5 Surveyor 8. September 1967 NASA (USA) Mëll Landung um Mound dräi Deeg nom Start. Bis de 17. Dezember 1967 hat d'Sond 19.000 Biller an Daten iwwermëttelt an eng Buedemprouf analyséierte.
58. (Zond 1967A)
(7K-L1 Nr.4L)
Zond L1 27. September 1967,
22:11:54
Sowjetunioun Geplangt war eng Moundëmkreesung an eng Réckrees op d'Äerd (Test fir eng bemannt Moundëmkreesung). Explosioun vun der Proton-Drorakéit op enger Héicht vu 65 km.
59. Surveyor 6 Surveyor 7. November 1967 NASA (USA) Mëll Landung um Mound dräi Deeg nom Start; d'Sond hat bis zum 14. Dezember 1967 geschafft. 15.000 Biller a vill Daten hat si bis dohin iwwermëttelt. De 17. November 1967 gouf dat Dreifwierk nees nei gezünt an d'Sond war dunn 2,5 m méi wäit nei gelant.
60. (Zond 1967B)
(7K-L1 Nr.5L)
Zond L1 22. November 1967,
19:07:59
Sowjetunioun Geplangt war eng Moundëmkreesung an eng Heemrees op d'Äerd (Test fir eng bemannt Moundëmkreesung). Proton-Drorakéit hat versot an d'Sond koum net bis an d'Äerdëmlafbunn.
61. Surveyor 7 Surveyor 7. Januar 1968 NASA (USA) Mëll Landung um Mound dräi Deeg nom Start no beim Krater Tycho. Si huet bis zum 21. Februar 1968 21.000 Biller op d'Äerd geschéckt.
62. (Luna 1968A)
(E-6LS Nr.1)
7. Februar 1968 Sowjetunioun War als Moundorbiter geplangt. Wéinst Versoe vun der drëtter Stuf vun der Molnija-Drorakéit koum se net emol an d'Äerdëmlafbunn.
63. (Zond 4)
(7K-L1 Nr.6L)
Zond L1 2. Mäerz 1968,
18:29:23
Sowjetunioun Test fir eng bemannt Moundëmkreesung. Bunn ëm 180° géintiwwer dem Mound versat. Deelerfolleg: Koum beim Widerantrëtt vum Kurs of a gouf an 10–15 km Héicht iwwer dem Golf vu Guinea gesprengt.
64. Luna 14
(E-6LS Nr.2)
7. Abrëll 1968 Sowjetunioun War den 10. Abrëll 1968 an e Moundorbit ageschwenkt. Test vum Kommunikatiounssystem fir de bemannte sowjetesche Moundprogramm.
65. (Zond 1968A)
(7K-L1 Nr.7L)
Zond L1 22. Abrëll 1968,
23:01:27
Sowjetunioun Geplangt war eng Moundëmkreesung (Test fir eng bemannt Moundëmkreesung). E Stéiersignal vun der Kapsel hat déi 2. Stuf ofgeschallt. D'Kapsel gouf ofgesprengt an ass zirka 520 km vum Raumfaartszentrum Baikonur mëll gelant.
66. Zond 1968B
(7K-L1 Nr.8L)
90px|Zond L1 14. Juli 1968 Sowjetunioun Explosioun vun der Proton-Drorakéit zesumme mam Zond-Raumschëff op der Startramp. Gëtt dacks net ënner Moundmissiounen opgefouert, well keen tatsächleche Start erfollegt war.
67. Zond 5
(7K-L1 Nr.9L)
Zond L1 14. September 1968,
21:42:11
Sowjetunioun Geplangt war Moundëmkreesung an Heemrees op d'Äerd (Test fir eng bemannt Moundëmkreesung). Koum beim Zréckkomme vum Kurs of an ass am Indeschen Ozean gelant.
68. Zond 6
(7K-L1 Nr.12L)
Zond L1 10. November 1968,
19:11:31
Sowjetunioun Geplangt war eng Moundëmkreesung an Heemrees op d'Äerd (Test fir eng bemannt Moundëmkreesung). Zerplatzt bei enger haarder Landung am Kasachstan wéinst virzäitegem Ofworf vum Haaptschierm.
69. Apollo 8 Apollo 8 Crew 21. Dezember 1968,
12:51:00
NASA (USA) Éischt bemannt Moundëmkreesung an Heemrees op d'Äerd an der Geschicht vun der Raumfaart. Crew: Frank Borman, James A. Lovell an William Anders.
70. Zond 1969A
(7K-L1 Nr.13L)
Zond L1 20. Januar 1969,
04:14:36
Sowjetunioun Geplangt war Moundëmkreesung an Heemrees op d'Äerd (Test fir eng bemannt Moundëmkreesung). Déi zweet Stuf vun der Proton-Rakéit hat versot an d'Sond koum net bis an d'Äerdëmlafbunn.
71. Luna 1969A
(E-8 Nr.201)
19. Februar 1969 Sowjetunioun Éischte Lunochod-Startversuch (Moundrover). D'Notzlaschtverkleedung vun der Proton-Drorakéit kollabéiert no enger Minutt Fluchzäit, wat zu der Zerstéierung vun der Rakéit gefouert hat.
72. 7K-L1S Nr.1 21. Februar 1969 Sowjetunioun Geplangt war eng Moundëmkreesung an Heemrees op d'Äerd. Versoe vun der éischter N1-Drorakéit 68,7 Sekonnen nom Start.
73. Apollo 10 Apollo 10 Crew 18. Mee 1969,
16:49:00
NASA (USA) Test vum Landemodul am Moundorbit; kënnt der Mounduewerfläch bis op 14 km. Distanz: Tom Stafford, John Young an Eugene Cernan.
74. Luna 1969B
(E-8-5 Nr.402)
Luna E-8-5 14. Juni 1969 Sowjetunioun Geplangt war eng Heemrees mat Moundprouwen. Wéinst Versoe vun der Proton-Rakéit gëtt d'Äerdëmlafbunn net erreecht.
75. 7K-L1S Nr.2 3. Juli 1969 Sowjetunioun Geplangt war Moundëmkreesung an Heemrees op d'Äerd. Versoe vun der N1-Drorakéit zirka 10 Sekonnen nom Start.
76. Luna 15
(E-8-5 Nr.401)
Luna E-8-5 13. Juli 1969 Sowjetunioun Geplangt war eng Heemrees mat Moundprouwen. Hat de 17. Juli 1969 d'Moundëmlafbunn erreecht, war awer beim Landeversuch den 21. Juli 1969 haart um Mound opgeschloen.
77. Apollo 11 Apollo 11 Crew 16. Juli 1969,
13:32:00
NASA (USA) Éischt bemannt Moundlandung an der Geschicht vun der Raumfaart den 20. Juli 1969 am Mare Tranquillitatis. Crew: Neil Armstrong, Edwin Aldrin a Michael Collins.
78. Zond 7
(7K-L1 Nr.11L)
Zond L1 7. August 1969,
23:48:06
Sowjetunioun Moundëmkreesung an Heemrees op d'Äerd (Test fir eng bemannt Moundëmkreesung). Eng vun zwou erfollegräiche Missioune während dem Zond-4–8-Programm.
79. Kosmos 300
(E-8-5 Nr.403)
Luna E-8-5 23. September 1969 Sowjetunioun Geplangt war eng Heemrees mat Moundprouwen, awer duerch Versoe vun der véierter Stuf vun der Proton-Rakéit gëtt nëmmen d'Äerdëmlafbunn erreecht.
80. Kosmos 305
(E-8-5 Nr.404)
Luna E-8-5 22. Oktober 1969 Sowjetunioun Geplangt war d'Heemrees mat Moundprouwen, awer duerch Versoe vun der véierter Stuf vun der Proton-Rakéit erreecht se nëmmen d'Äerdëmlafbunn.
81. Apollo 12 Apollo 12 Crew 14. November 1969,
16:22:00
NASA (USA) Bemannt Moundlandung den 19. November 1969 am Oceanus Procellarum bei der 1967 gelanter Sond Surveyor 3. Crew: Charles Conrad, Richard Gordon an Alan Bean.
1970er: 70717273747576
82. Luna 1970A
(E-8-5 Nr.405)
Luna E-8-5 6. Februar 1970 Sowjetunioun Geplangt war Heemrees mat Moundprouwen. Duerch Versoe vun der Proton-Rakéit koum se net an d'Äerdëmlafbunn.
83. Apollo 13 Apollo 13 Crew 11. Abrëll 1970,
19:13:00
NASA (USA) Geplangt war eng bemannt Moundlandung. Opgrond vun enger Explosioun u Bord vum Apollo-Raumschëff um Wee zum Mound gouf d'Landung ofgesot an no enger hallwer Moundëmkreesung mat uschléissender Heemrees op d'Äerd duerchgefouert. Crew: James Lovell, John Swigert an Fred Haise.
84. Luna 16
(E-8-5 Nr.406)
Luna E-8-5 12. September 1970 Sowjetunioun Éischt erfollegräich Heemrees vun enger onbemannter Raumsond mat Moundprouwen. Landung vun der Kapsel de 24. September 1970 am Kasachstan.
85. Zond 8
(7K-L1 Nr.14L)
Zond L1 20. Oktober 1970,
19:55:39
Sowjetunioun Erfollegräich Moundëmkreesung an Heemrees op d'Äerd. Test vun enger alternativer Heemreesbunn fir de bemannten N1-L3 Moundlandungsprogramm. Plangméissegen Antrëtt iwwer der Arktis mat uschléissender Punktwaasserlandung am Indeschen Ozean. D'Kapsel gouf 15 min duerno aus dem Mier geholl.
86. Luna 17
– Lunochod 1
(E-8 Nr.203)
10. November 1970 Sowjetunioun Erfollegräiche Moundrover. Schafft iwwer 11 Méint (geplangt waren dräi) bis zum offiziellen Missiounsenn de 4. Oktober 1971. An dëser Zäit leet de Rover 10.540 m zréck an hat iwwer 20.000 Biller, iwwer 200 Panoramen iwwermëttelt. Weider hat de Rover iwwer 500 Buedemprouwen analyséiert.
87. Apollo 14 Apollo 14 Crew 31. Januar 1971,
21:03:02
NASA (USA) Bemannt Moundlandung de 5. Februar 1971 an der Fra Mauro-Regioun. Crew: Alan Shepard, Stuart Roosa an Edgar Mitchell.
88. 7K-LOK
(Attrapp)
LOK 27. Juni 1971 Sowjetunioun Geplangt war méiglecherweis Moundëmkreesung an Heemrees op d'Äerd. N1-Drorakéit verseet kuerz nom Start.
89. Apollo 15 Apollo 15 Crew 26. Juli 1971,
13:34:00
NASA (USA) Bemannt Moundlandung den 31. Juli 1971 an der Géigend vun der Hadley-Rill. Éischten Asaz vum Lunar Roving Vehicle (Moundauto). Crew: David Scott, James Irwin an Alfred Worden.
90. Luna 18
(E-8-5 Nr.407)
Luna E-8-5 2. September 1971 Sowjetunioun Geplangt war Heemrees mat Moundprouwen. D'Sond war bei der Landung net méi ze héieren an ass wahrscheinlech beschiedegt ginn.
91. Luna 19
(E-8LS Nr.202)
Luna E-8LS 28. September 1971 Sowjetunioun Erfollegräichen Orbiter. War den 2. Oktober 1971 an d'Moundëmlafbunn ageschwenkt a blouf fir zirka ee Joer a Betrib.
92. Luna 20
(E-8-5 Nr.408)
Luna E-8-5 14. Februar 1972 Sowjetunioun Erfollegräich Heemrees mat Moundprouwen. Landung vun der Heemreeskapsel de 25. Februar 1972 mat 150 g Moundgesteng.
93. Apollo 16 Apollo 16 Crew 16. Abrëll 1972,
17:54:00
NASA (USA) Bemannt Moundlandung den 21. Abrëll 1972 am Descartes-Héichland. Asaz vum Moundauto. Crew: John Young, Thomas Mattingly an Charles Duke.
94. 7K-LOK LOK 23. November 1972 Sowjetunioun Geplangt war Moundëmkreesung mat Heemrees op d'Äerd. N1-Drorakéit versot kuerz nom Start. Leschte Start am sowjetesche bemannte Moundprogramm.
95. Apollo 17 Apollo 17 Crew 7. Dezember 1972,
05:33:00
NASA (USA) Bemannt Moundlandung den 11. Dezember 1972 an der Taurus-Littrow-Regioun. Asaz vum Moundauto, lescht bemannt Moundlandung bis haut Crew: Eugene Cernan, Ronald Evans an Harrison Schmitt.
96. Luna 21
– Lunochod 2
(E-8 Nr.204)
8. Januar 1973 Sowjetunioun Erfollegräiche Moundrover. War ronn fënnef Méint am Asaz, an hat zirka 37.000 m zréck geluecht. Ronn 80.000 TV-Biller an 86 Panoramen goufen iwwermëttelt.
97. Explorer 49
(RAE-B)
Explorer 49 (RAE-B) 10. Juni 1973 NASA (USA) Moundorbiter fir Erfuerschung vu Radioquellen am Weltraum (keng Erfuerschung vum Mound).
98. Luna 22
(E-8LS Nr.206)
Luna E-8LS 29. Mee 1974 Sowjetunioun Erfollegräichen Orbiter. War den 2. Juni 1974 an eng Moundëmlafbunn ageschwenkt an hat 15 Méint laang Daten aus dem Moundorbit iwwerdroen.
99. Luna 23
(E-8-5M Nr.410)
28. Oktober 1974 Sowjetunioun Geplangt war Heemrees mat Moundprouwen. D'Moundlandung war zwar erfollegräich, mä de Buer gouf beschiedegt an et konnte keng Prouwe gemaach ginn. Op eng Heemrees gouf verzicht.
100. Luna 1975A
(E-8-5M Nr.412)
16. Oktober 1975 Sowjetunioun Geplangt war eng Heemrees mat Moundprouwen. D'Proton-Rakéit hat versot a koum net an d'Äerdëmlafbunn.
101. Luna 24
(E-8-5M Nr.413)
9. August 1976 Sowjetunioun Erfollegräich Heemrees mat Moundprouwen. Landung vun der Heemreeskapsel den 22. August 1976 mat 170 g Moundgesteng.
1990er: 90949798
102. Hiten Hiten 24. Januar 1990 ISAS (Japan) Orbiter mat Duechterorbiter Hagoromo. Éischt japanesch Moundmissioun. Technologieexperiment, keng wëssenschaftlech Notzlascht. Éischte Laanschtfluch den 19. Mäerz 1990 mat Aussetze vum Hagoromo an e Moundorbit. De Kontakt zu der Duechtersond goung nach deselwechten Dag verluer. Den Hiten selwer war de 15. Februar 1992 an eng lunar Ëmlafbunn geschwenkt an den 10. Abrëll 1993 op de Mound opgeschloen.
103. Clementine Clementine 25. Januar 1994 DoD/NASA (USA) Orbiter, Mound- an Asteroidesond. Si erreecht den 19. Februar 1994 eng polar Ëmlafbunn ëm de Mound. Si war de 14. Mee 1994 ongeplangt op de Mound geschloen. Si huet ë. a. Indizie fir Waasseräis um lunare Südpol.
104. AsiaSat 3 24. Dezember 1997 USA Kommerzielle Kommunikatiounssatellit. E gouf beim Start vun enger Proton-Rakéit an eng ze niddreg Äerdëmlafbunn ausgesat an huet eréischt mat Hëllef vun zwéi Moundlaanschtflich seng programméiert Positioun am GEO. Keng Kameraen oder wëssenschaftlech Instrumenter u Bord.
105. Lunar Prospector Lunar Prospector 6. Januar 1998 NASA (USA) Orbiter. En hat den 11. Januar 1998 eng polar Ëmlafbunn ëm de Mound erreecht a war wéi geplangt den 31. Juli 1999 um Mound opgeschloen.
2000er: 03070809
106. SMART-1 28. September 2003 ESA (Europa) Orbiter. En erreecht mat Hëllef vun engem Ionenundriff de 15. November 2004 eng Moundëmlafbunn a stierzt wéi geplangt den 3. September 2006 op de Mound.
107. ARTEMIS P1 und P2 THEMIS 17. Februar 2007 NASA Zwee kleng Orbiter, déi ufanks mat dräi Schwëstersatellitten ënner dem Numm THEMIS (A bis E) an engen exzentreschen Äerdorbit gestart, fir Deelstierm an der Magnéitosphär vun der Äerd z'erfuerschen. An enger weiderer Missioun goufen THEMIS B an THEMIS C am Mee 2008 ënner dem Numm ARTEMIS P1 an P2 zu de Äerd-Mound Libratiounspunkten L1 an L2 a spéider an engen exzentresche Moundorbit (ARTEMIS P1 de 27. Juni 2011 an ARTEMIS P2 de 17. Juli 2011) manövréiert.
108. Kaguya 14. September 2007 JAXA (Japan) Orbiter mat zwéi klenge Subsatellitten. Geplangt Missiounsdauer mindestens ee Joer. Den Orbiter war den 3. Oktober 2007 an eng Moundëmlafbunn agetratt. Kaguya war den 10. Juni 2009 wéi geplangt um Mound opgeschloen.
108. Chang'e-1 Chang'e-1 24. Oktober 2007 CNSA (China) Orbiter. Éischt Moundmissioun vun der Volleksrepublik China. D'Sond war de 5. November 2007 an eng Moundëmlafbunn ageschwenkt. Den 1. Mäerz 2009 war Chang'e-1 du geziilt um 09:13 Auer MEZ um Mound opgeschloen.
109. Chandrayaan-1 Chandrayaan-1 22. Oktober 2008 ISRO (Indien) Orbiter mat klenger Aschlagsond MIP. Éischt indesch Moundmissioun. De 27. Oktober 2008 war si an eng Moundëmlafbunn ageschwenkt. Haarden Opschlag vun der MIP de 14. November 2008. Missiounsdauer mindestens zwéi Joer virgesinn.
110. Lunar Reconnaissance Orbiter Lunar Reconnaissance Orbiter 18. Juni 2009 NASA (USA) Orbiter. Missiounsdauer mindestens ee Joer. Start a Fluch zesumme mat LCROSS.
111. LCROSS LCROSS 18. Juni 2009 NASA (USA) Aschlagsond zum Nowäis vu Waasseräis um Moundsüdpol. Start a Fluch zesumme mat dem Lunar Reconnaissance Orbiter. Opschlag den 9. Oktober 2009 am westlechen Deel vum 95-km-Krater Cabeus.
2010er: 10 - 11
112. Chang'e-2 Chang'e-2 1. Oktober 2010 CNSA (China) Zweet Moundmissioun vun der Volleksrepublik China. De 6. Oktober 2010 war si an eng Moundëmlafbunn ageschwenkt. Duerno Fluch zum Lagrangepunkt L2 vum Sonn-Äerd-System an zum äerdnoen Asteroid (4179) Toutatis.
114. GRAIL GRAIL 8. September 2011 NASA (USA) Zwee Orbiter fir déi genee Vermiessung vum lunare Schwéierfeld. Kontrolléierten Ofstuerz an der Nordpolregioun vum Äerdmound de 17. Dezember 2012.
115. LADEE LADEE 6. September 2013 NASA (USA) Orbiter deen d'Atmosphär an de Stëbs vum Mound ënnersicht huet. Ofstuerz op der Moundrécksäit den 18. Abrëll 2014.
116. Chang'e-3 1. Dezember 2013 CNSA (China) Lander mat Rover Yutu, deen de 14. Dezember 2013 um 13:11 Auer UTC um Mound opgesat hat[1] Wéinst Problemer mat der Kommunikatioun vun der Äerd zum Mound a Schwiiregkeeten duerch d'Gelänn um Mound ass eng Zukunft vum Rover iwwer seng éischt Moundnuecht eraus onkloer. Bis elo ass et gelongen, no jidde 14 Deeg laanger Moundnuecht de Funkkontakt zu Yutu a senger Mammesond nees hirzestellen[2][3][4] China's imperiled Jade Rabbit moon rover: 'Goodnight, humanity']
117. Chang'e 5-T1 23. Oktober 2014,
18:00
CNSA (China) Moundëmkreesung an Zréckkommen op d'Äerd (Testmissioun fir d'Chang'e 5, déi Buedemprouwe vum Mound op d'Äerd brénge soll.).
118. 4M 23. Oktober 2014,
18:00
OHB Laanschtfluch, Huckepacknotzlaascht vun der chinesescher Moundsond Chang'e 5-T1.
119 Longjiang 1 & 2 20. Mee 2018,
21:25
CNSA (China) Longjiang 2 hat en elliptesche Moundorbit erreecht (350 × 13.700 km), während Longjiang 1 verluer goung. Déi béiden 47 kg schwéier Satellitten waren eng Huckepacknotzlaascht vun Queqiao (Kommunikatiounssatellit fir déi (folgend) Moundsond Chang'e-4)
120. Chang'e-4 Chang'e-4 7. Dezember 2018,
18:24
CNSA (China) Lander mat Rover Yutu 2; Landeplaz op der Moundrécksäit; D'Landung war den 3. Januar 2019[5]
Geplangt


Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Saturn 01.svg Portal Astronomie

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. http://www.spiegel.de/wissenschaft/technik/chang-e-3-china-raumschiff-auf-mond-gelandet-a-939094.html
  2. http://www.spektrum.de/news/jadehase-yutu-sendet-noch-immer/1301834
  3. China's first moon rover has experienced a "mechanical control abnormality" - Australian Broadcasting Corporation - Retrieved 25 January 2014.
  4. [http://edition.cnn.com/2014/01/27/world/asia/china-jade-rabbit-moon-rover-goodnight/
  5. Éischt Landung op der Mound-Récksäit gegléckt Tagesschau.de vom 3. Januar 2019