Chronologie vun der Astronomie (1. Joerhonnert v. Chr. bis 5. Joerhonnert v. Chr.)

Vu Wikipedia

D'Astronomie ass d'Kinnigin vun den Naturwëssenschaften. - Op dëser Säit gëtt versicht d'Entwécklung vun der Astronomie chronologesch festzehalen. Well d'Astronomie mat villen anere Wëssenschaften a Verbindung steet, kommen dofir och vill Bäiträg bei deene Geographie, Geologie, Mathematik, Mechanik, Physik, Chimie, Biologie an och Nei Technologien, déi mat der Astronautik ze dinn hunn, dra vir. Wéi an all Wëssenschaft ginn dacks Theesen an Theorien a komplett falsch Richtungen. Trotzdeem ass et derwäert fir och déi Iddien a Berechnunge festzehalen. Et mécht déi dréche Wëssenschaft méi attraktiv ze liesen.

Well den Artikel "Chronologie vun der Astronomie" ganz grouss ass, si méi Ënnerdeelunge gemaach ginn. D'Ënnerdeelunge gi stänneg aktualiséiert.

2001 - 6000 v. Chr.1001 - 2000 v. Chr.501 - 1000 v. Chr.1 bis 500 v. Chr.
1 - 500601 - 100011. Jh.12. Jh.13. Jh.14. Jh.15. Jh.16. Jh.17. Jh.18. Jh.19. Jh.20. Jh.21. Jh.


  • 500 v. Chr.: Den Heraklit vun Ephesus stellt de Saz op: "Alles ass a Beweegung an näischt bleift stoen".
  • 465 v. Chr.: De Mathematiker Oinopides vu Chios stellt een Zyklus vun 59 Joer op, fir d'Sonnejoer an de Moundlaf auszegläichen.
  • 460 v. Chr.: De Parmenides vun Elea kënnt aus mathematesche Grënn op déi selwecht Behaaptung vum Pythagoras, datt d'Äerd eng Kugel ass.
  • 456 v. Chr.: Den Anaxagoras vu Klazomenae erkläert de visuellen (ostwestlechen) himmlesche Kreeslaf duerch d'Unhuele vun engem zentrifugalen Ëmschwonk.
  • 450 v. Chr.: De Karthager Himilko entdeckt Groussbritannien.
  • 450 v. Chr.: D'réimesch Kultur gëtt staark vum etruskesche Wëssen an hirer Technik beaflosst.
  • 450 v. Chr.: D'Griichen iwwerhuele vun den Egypter de Papyrus als Schreifpabeier.
  • 450 v. Chr.: De Philomaus féiert säi Weltsystem mat engem Zentralfeier an enger Géigenäerd an.
  • 449 v. Chr.: D'Griiche kennen d'Bréifdauwen.
  • 444 v. Chr.: De Mathematiker Meton vun Athen moosst d'Punkte vun der Sonnewend mat engem Gnomon.
  • 443 v. Chr.: Zu Athen an der Zäit vum Perikles kommen op ronn 50.000 fräi Bierger ongeféier 100.000 Sklaven. (D'Bevëlkerung vu Griicheland huet 3 Millioune Leit, dovun ongeféier 1 Millioun Sklaven)
  • 433 v. Chr.: De Meton mécht eng Kalennerverbesserung, andeems hien een Zyklus vun 19 Joer aféiert, deen an där Zäit 125 voll Méint vun 30 Deeg an 110 Méint vun 29 Deeg huet, soudatt e Joer 365,263 Deeg huet.
  • 439 v. Chr.: Den Hippokrates vu Chios verfaasst dat éischt Elementarbuch vun der Geometrie a féiert de Brauch an, Punkte vun enger geometrescher Figur mat Buschtawen ze bezeechnen.
  • 420 v. Chr.: Den Demokritos vun Avdera léiert d'sphäresch Gestalt vu Sonn a Mound.
  • 413 v. Chr.: Den Feldhär Nikias vun Athen zitt säi Réckzuch vu Syrakus an d'Längt wéinst enger Mounddäischter (Awerglaf).
  • 407 v. Chr.: Den Hippodamos vu Milet baut d'Stad an den Hafe vu Rhodos mat engem rechtwénklege Stroossesystem.
  • 400 v. Chr.: De Platon léiert d'Theorie vun de Kegelschnëtter a gëtt déi regulär Polyeder un.
  • 400 v. Chr.: D'Astrologie faasst Fouss an Indien a féiert do d'Woch mat 7 Deeg an (analog zu de bekannte 7 hellste "Stären": d'Sonn, de Mound a 5 Planéiten).
  • 400 v. Chr.: Héichentwéckelt Eisegeschier an der keltescher Latène-Kultur.
  • 390 v. Chr.: Den Archytas vun Tarent bestëmmt den Ëmfang vun der Äerd. Hie behandelt d'Mechanik mathematesch an erfënnt d'Rull an d'Schrauf.
  • 384 v. Chr.: De babyloneschen Astronom Kidenas entdeckt aus alen Observatiounen d'Prezessioun vun der Equinoxe.
  • 384 v. Chr. bis 322 v. Chr.: Den Aristoteles bréngt éischt Beweiser vun der Kugelgestalt vun eiser Äerd.
  • 380 v. Chr.: De griicheschen Astronom Eudoxos mécht eng Rees an Egypten, an iwwerhëlt do wichteg astronomesch Uregungen.
  • 379 v. Chr.: De Platon léiert am "Phaidon" d'Kugelgestalt vun der Äerd.
  • 360 v. Chr.: D'Egypter klappe Mënze fir d'griichesch Sëldner.
  • 365 v. Chr.: Den Eudoxos vu Knidos (†356 v. Chr.) stellt de System vun den homozentresche Sphären op an deelt den Himmel a Stärebiller an.
  • 350 v. Chr.: Den Herakleides léiert d'Achsendréiung vun der Äerd an als éischten och d'heliozentrescht System.
  • Ëm d'4. Joerhonnert v. Chr.: Éischt Himmelsobservatioune bei de germanesche Vëlker fir Berechnunge vun der Zäit a vu Fester.
  • 338 v. Chr.: Ufank vum réimesche Mënzwiesen.
  • 334 v. Chr.: Den Aristoteles vu Stagira hëlt d'Existenz vun engem Weltäther un. De Bewäis fir eng ronn Äerd begrënnt hien doduerch datt bei Mounddäischteren de Schiet vun der Äerd kreesfërmeg ass, an datt d'Kugel deen eenzege Kierper ass, deen an alle Lagen e kreesfërmege Schiet werft.
  • 334 v. Chr.: De Kalippos vun Cyzikos verbessert den homozentresche Sphäresystem vum Endoxos vu Knidos.
  • 330 v. Chr.: Den Autolykos vu Piane a Klengasie schreift dat éischt Léierbuch vun der Kugel (Sphärik).
  • 330 v. Chr.: De griichesche Fuerscher Pytheas seegelt ëm Groussbritannien bis an d'Ostséi op Düna. Op där Rees bis op den arktesche Krees huet hien als Éischten d'Héichte vum periodeschen Erop- an Erofgoe vum Mier am Golf vu Bristol gemooss. Hien huet erkannt datt de Flutstand ofhängeg vun de Stellunge vum Äerdmound ass. Hien huet aussedeem mam Gnomon d'Sonnenhéicht an d'geographesch Lag vu senger Stad Massilia bestëmmt.
  • 325 v. Chr.: Den Herakleides Pontikos léiert, datt de Merkur an d'Venus d'Sonn ëmkreesen an erkläert, déi deeglech visuell Beweegung vun der Himmelskugel aus der Dréiung vun der Äerd vu West no Ost.
  • 323 v. Chr.: Dat egyptescht Alexandria gëtt kulturelle Mëttelpunkt (Alexandrinesch Zäitalter), bis d'Araber d'Stad am Joer 641 erueweren.
  • 323 v. Chr.: Den Aristoteles († 322 v. Chr.) erkennt de fräie Fall als beschleunegt Beweegung, gleeft awer, datt méi schwéier Kierper och méi séier falen. Eréischt de Galilei Galileo huet dat richteg gestallt.
  • 305 v. Chr.: D'babylonesch Astrologie verbreet sech staark a Griicheland.
  • 300 v. Chr.: Ball- a Wierfelspiller si bei Griichen a Réimer bekannt.
  • 298 v. Chr.: Den Aristykkos an den Timocharis bestëmmen aus den Zäite vu Sonnenënnergäng fir d'éischt d'Zäite vu Fixstärepositiounen. Hir Aarbechte sinn zwar verluere gaangen awer si hunn nach dem Hipparch bei senge Beobachtunge gehollef.
  • 298 v. Chr.: Den Archimedes stellt de wichtege Saz op, datt den Inhalt vun enger Kugel sech zum Contenu vun engem ëmschléissenden Zylinder, wéi 2:3 verhält. Hie mécht dann eng Aarbecht iwwer Kreesmiessunge mat Berechnunge vun der Zuel Phi, déi hien tëscht 3,141 bis 3,142 fënnt. Hie berechent weider den Inhalt vun enger Parabel a léiert d'Eegeschafte vun de Spirale kennen.
  • 260 v. Chr.: Den Archimedes erfënnt d'Waasserschrauf, d'Schrauf ouni Enn an de Fläschenzuch.
  • 260 v. Chr.: Den Aristarchos vu Samos léiert, datt d'Sonn an d'Fixstären onbeweglech sinn an datt sech d'Äerd an engem schife Krees ëm d'Sonn beweegt a gläichzäiteg sech ëm hir eegen Achs beweegt. Hie fënnt eraus, datt d'Sonn 19-mol méi wäit vun eis ass, wéi de Mound.
  • Ëm 240 v. Chr.: Éischt Äerdëmfangberechnung vum alexandrinesche Geograph Eratosthenes.
  • 240 v. Chr.: Den Eratosthenes vun Alexandria mécht déi éischt Gradmiessung vun Alexandria bis op Syene, déi, d'Stadion zu 157,5 Meter unhëlt an en Äerdëmfang vun 39.375.000 Meter ergëtt. Hie stellt ee "Geographiesystem" op.
  • 238 v. Chr.: Den Apollonios vu Perga versicht d'Ursaach vum Stëllstoen an Hannerzeggoe vu Planéiten z'erklären an erfënnt zu deem Zweck d'Epizyklen.
  • Ëm 150 v. Chr.: De Krates Mallotes (Krates vu Mallos) baut zu Pergamon déi éischt Äerdgloben.
  • Ëm 150 v. Chr.: Den Hipparchos entdeckt de Prinzip vun der perspektivescher Projektioun, entwërft stereographesch an orthographesch Projektioune fir Himmelskaarten an deelt den Equator an 30 Grad an.
  • 130 v. Chr.: Den Hipparchos vun Alexandria grënnt déi wëssenschaftlech Astronomie, déi sech op d'Observatioun stäipt, souwéi d'sphäresch Trigonometrie. Hien entdeckt d'stereographesch Projektioun vu Landkaarten a bestëmmt als Éischten d'Moundparallax.
  • 128 v. Chr.: Den Hipparchos zeechent e Katalog mat 1080 Stärepositioune fir d'Epoch vun 128 v. Chr.
  • 100 v. Chr.: De Baumeeschter Andronikos Cyrrhestes stellt op engem vun him gebautem Tuerm zu Athen, deen éischte meteorologeschen Apparat op: e Wandfändel.
  • 100 v. Chr.: De Posidonios mécht eng nei Äerdmiessung a verfaasst eng Monographie iwwer den Ozean, an där hien ë. a. och d'Léier vun Ebbe a Flut wëssenschaftlech duerstellt.