Chronologie vun der Astronomie (11. Joerhonnert)

Vu Wikipedia

D'Astronomie ass d'Kinnigin vun den Naturwëssenschaften. - Op dëser Säit gëtt versicht d'Entwécklung vun der Astronomie chronologesch festzehalen. Well d'Astronomie mat villen anere Wëssenschaften a Verbindung steet, kommen dofir och vill Bäiträg bei deene Geographie, Geologie, Mathematik, Mechanik, Physik, Chimie, Biologie an och Nei Technologien, déi mat der Astronautik ze dinn hunn, dra vir. Wéi an all Wëssenschaft ginn dacks Theesen an Theorien a komplett falsch Richtungen. Trotzdeem ass et derwäert fir och déi Iddien a Berechnunge festzehalen. Et mécht déi dréche Wëssenschaft méi attraktiv ze liesen.

Well den Artikel "Chronologie vun der Astronomie" ganz grouss ass, si méi Ënnerdeelunge gemaach ginn. D'Ënnerdeelunge gi stänneg aktualiséiert.

2001 - 6000 v. Chr.1001 - 2000 v. Chr.501 - 1000 v. Chr.1 bis 500 v. Chr.
1 - 500601 - 100011. Jh.12. Jh.13. Jh.14. Jh.15. Jh.16. Jh.17. Jh.18. Jh.19. Jh.20. Jh.21. Jh.


  • 1001: De Leif Erikson entdeckt de Labrador, vun him "Helluland" genannt, a schéngt laanscht d'Küst vun Neufundland bis bei dat haitegt New York geseegelt ze sinn.
  • 1030: Den Araber Alhazen (Ibu al Haitam) mécht sech eng richteg Virstellung vun der Drockloft, déi schonn den Aristoteles kannt huet.
  • 1050: Den Alhazen gebraucht fir d'éischt eigentlech Lënsen aus Kugelsegmenter als Vergréisserungsglieser.
  • Juli 1054: D'Chineesen observéieren en neie Stär, dee sech als Explosioun vun enger Supernova erausstelle soll, aus där de Krabbniwwel entstanen ass.