Chrysostome Keiffer
Ausgesinn
| Chrysostome Keiffer | |
|---|---|
| Gebuer | 25. Februar 1803 |
| Gestuerwen | 13. Juni 1881 |
| Nationalitéit | Lëtzebuerg |
| Aktivitéit | Politiker |
| Fonctioun | Buergermeeschter |
|
| |
De Chrysostome Keiffer, gebuer de 25. Februar 1803 zu Iechternach, an do gestuerwen den 13. Juni 1881, war en Iechternacher Blofierwer a Gemengepolitiker.[1]
Seng Eltere waren de Chrysostome Keiffer an d'Appolonie Aubart. De 7. Juni 1848 huet hie sech mat der Madeleine Limpach bestuet.[2]
Hie war jorelaang Member vum Iechternacher Gemengerot a Buergermeeschter vum 24. Abrëll 1849 (Datum vun der Nominatioun) bis den 23. Dezember 1854.[2] Den 22. Januar 1867 gouf hie Schäffen.[1]
Referenzen
[Quelltext änneren]- 1 2 J.A. Massard: Echternach und die Cholera. Publications du Centre universitaire de Luxembourg, Département des sciences: Biologie-Chimie-Physique, fasc. 1 (1988), S. 214.
- 1 2 Liste des maires respectivement bourgmestres de la ville d'Echternach. Archives de la Ville d'Echternach.
