Op den Inhalt sprangen

Chuck Norris

Vu Wikipedia
Dësen Artikel aus dem Film- an Televisiounsberäich ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
Chuck Norris
Gebuertsnumm Carlos Ray Norris
Gebuer 10. Mäerz 1940
Ryan
Gestuerwen 19. Mäerz 2026
Kaua'i
Nationalitéit USA
Aktivitéit Filmschauspiller, Schrëftsteller, Dréibuchauteur, Schauspiller, Televisiounsschauspiller, Karateka, Taekwondoka, Filmproduzent, Cascadeur
Partei Republican Party
Auszeechnungen Golden Boot Awards, Stär um Hollywood Walk of Fame
Famill
Bestuet mat Diane Holechek (1958–1989),
Gena O'Kelly (1998–19.3.2026)
Papp Ray Norris
Mamm Wilma Scarberry
Geschwëster Aaron Norris, Wieland Norris
Kanner Mike Norris, Eric Norris

De Carlos Ray "Chuck" Norris, gebuer den 10. Mäerz 1940 zu Ryan am US-Bundesstaat Oklahoma, a gestuerwen den 19. Mäerz 2026 zu Kauaʻi op Hawaii, war en US-amerikanesche Kampfsportler, Schauspiller, Dréibuchauteur an Auteur. Hien hat e Schwaarze Rimm am Karate, Taekwondo, Tang Soo Do, brasilianesche Jiu-Jitsu an am Judo.

Nodeems den Chuck Norris an der US-Air Force gedéngt hat, huet hien eng Rei Kampfsportmeeschterschafte gewonnen a méi spéit seng eegen Disziplin, Chun Kuk Do, gegrënnt. Den Norris huet ugefaangen als Kampfsportinstrukter fir Prominenter an der amerikanescher Filmindustrie ze schaffen, ier hien 1968 mat enger klenger Roll an The Wrecking Crew säin Debut um Ecran hat. Säi Frënd a Kampfsportkolleeg Bruce Lee huet hien invitéiert, ee vun de Béisen an The Way of the Dragon (1972) ze spillen. Dem Norris säi Frënd a Schüler Steve McQueen huet hien encouragéiert d'Schauspillerei eescht ze huelen. Den Norris huet doropshin seng éischt Haaptroll am Actionfilm Breaker! Breaker! (1977) gespillt an duerno seng zweet Haaptroll a Good Guys Wear Black (1978). Béid Filmer ware Succèsen an den Norris gouf séier e populären Actionfilmstar.

Filmographie (Auswiel)

[änneren | Quelltext änneren]
Joer Titel Roll
1968 The Wrecking Crew Mann am House of 7 Joys
1972 The Way of the Dragon Colt
1973 The Student Teachers Karate Beroder
1974 Yellow Faced Tiger Chuck Slaughter / hie selwer
1977 Breaker! Breaker! John David "J.D." Dawes
1978 Good Guys Wear Black Majouer John T. Booker
1979 A Force of One Matt Logan
1980 The Octagon Scott James
1981 An Eye for an Eye Detektiv Sean Kane
1982 Silent Rage Sheriff Daniel "Dan" Stevens
1982 Forced Vengeance Chef Joshua Harrin "Josh" Randall
1983 Lone Wolf McQuade Ranger Jim "J.J." McQuade
1984 Missing in Action Kolonell James Thomas Braddock
1985 Missing in Action 2: The Beginning Kolonell James Thomas Braddock
1985 Code of Silence Sergeant Eddie Cusack
1985 Invasion U.S.A. Agent Matt Hunter
1986 The Delta Force Majouer Scott McCoy
1986 Firewalker Max Donigan
1988 Braddock: Missing in Action III Kolonell James Thomas Braddock
1988 Hero and the Terror Detektiv Danny O'Brien
1990 Delta Force 2: The Colombian Connection Kolonell Scott McCoy
1991 The Hitman Detektiv Cliff Garret / Danny Grogan
1992 Sidekicks hie selwer
1993 Chuck Norris: Private Lesson hie selwer
1994 Hellbound Sergeant Frank Shatter
1995 Top Dog Leitnant Jake Wilder
1996 Forest Warrior Jebediah McKenna
2003 Bells of Innocence Matthew
2004 Dodgeball: A True Underdog Story hie selwer
2004 Birdie & Bogey
2005 The Cutter Detektiv John Shepherd
2012 The Expendables 2 Booker "The Lone Wolf"
2024 Agent Recon Kapitän Alastair
2027 Zombie Plane hie selwer
Joer Titel Roll
1970 Room 222 hie selwer
1986 Karate Kommandos hie selwer
1993 Wind in the Wire hie selwer
1993–2001 Walker, Texas Ranger Sergeant Ranger Cordell Walker / Hayes Cooper
1998 Logan's War: Bound by Honor Ranger Jake Fallon
1999 Sons of Thunder Sergeant Ranger Cordell Walker
2000 Martial Law Sergeant Ranger Cordell Walker
2000 The President's Man Agent Joshua McCord
2002 The President's Man: A Line in the Sand Agent Joshua McCord
2003 Yes, Dear hie selwer
2005 Walker, Texas Ranger: Trial by Fire Kapitän Ranger Cordell Walker
2007 Inside World Combat League
2015 The Goldbergs hie selwer
2019 Chuck Norris's Epic Guide to Military Vehicles
2020 Hawaii Five-0 Sergeant Majouer Lee Phillips
 Commons: Chuck Norris – Biller, Videoen oder Audiodateien