Château-Salins

Vu Wikipedia
Château-Salins
Land Frankräich
Regioun Grand Est
Departement Moselle
Arrondissement Sarrebourg-Château-Salins
Kanton Le Saulnois
Postcode 57170
Gemengecode 57132
Koordinaten 48° 49’ 21’’ N
      06° 30’ 31’’ O
Fläch  1 439 ha
Bevëlkerung  341 (1999)
D'Gebai vun der Gemeng an der Ënnerprefecture

Château-Salins ass eng franséisch Uertschaft a Gemeng am Departement Moselle an der Regioun Grand Est.

Et ass och den Haaptuert vum Kanton Château-Salins

D'Awunner heesche Castelsalinois

Geographie[änneren | Quelltext änneren]

Château-Salins läit am Salzbecke vum Saulnois am Nordoste vu Nanzeg.

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

D'Stad an d'Géigend ronderëm de Saulnois verdanken hiren Numm dem Salz dat fréier an dëser Géigend exploitéiert gouf. Déi lescht Salinen zu Château-Salins, goufen 1826 zougemaach.

D'Uertschaft ass net ganz al. Si ass entstane wéi d'Herzoge vu Loutrengen am 14. Joerhonnert eng Festung gebaut hunn, fir d'Exploitatioum vum Salz, dat do endeckt gi war ze protegéieren.

No 1789 huet d'Stad de revolutionären Numm Salines libres ugeholl, huet sech awer gläich duerno erëm Château-Salins genannt.

Eng Tour de Chappe war vu 1798 bis 1852 am Déngscht. Si huet de Relais gemaach tëscht där vun Delme an där vu Vic-sur-Seille op der Linn Paräis-Stroossbuerg.

Vun 1800 bis 1871, war Château-Salins eng Ënnerprefecture vum Departement Meurthe.

Duerch den Traité vu Frankfurt gouf et no 1871 un d'Bezirke Lothringen ugeschloss an op Salzburgen ëmgedeeft.

No dem Éischte Weltkrich gouf et erëm franséisch a koum bei d'Museldepartement dobäi.

Déi kleng Gemeng Coutures gouf 1975 u Château-Salins ugeschloss, mat dem Statut Commune associée.

Wopen[änneren | Quelltext änneren]

Beschreiwung am Originaltext:

Parti, en 1 d'or à la bande de gueules chargée de trois alérions d'argent, et en 2 de gueules à la coquille d'argent

Kuckeswäertes[änneren | Quelltext änneren]

  • Déi grouss Uergel aus dem 18. Joerhonnert an der Kierch St-Jean-Baptiste. D'Uergel gouf vum Nicolas Dupont fir d'Abtei vu Salival an der Gemeng Moyenvic gebaut, an Enn 19. Joerhonnert vum Jean Blesi, ëmgeännert, an duerno vun der Uergelmanufaktur Haerpfer-Erman an der Kierch vu Château-Salins opgeriicht. Si ass awer lues e lues verkomm. Eréischt 1995 huet den Uergelbauer Michel Gaillard, dee fir d'Uergelmanufaktur Aubertin vu Courtefontaine geschafft huet, d'Uergel nees restauréiert.

Bekannt Leit[änneren | Quelltext änneren]

Kuckt och[Quelltext änneren]


Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Château-Salins – Biller, Videoen oder Audiodateien