Château Frontenac
Land | Kanada |
---|---|
Koordinaten | 46°48'42,55"N, 71°12'19,37"W |
Datum vum Bau | 1893 |
Opgaangen | 18. Dezember 1893 |
De Château Frontenac ass e Luxushotel am Zentrum vun der kanadescher Stad Québec, an der Provënz Québec, an ass eng vun den Haaptaktraktioune vun der Stad.
E gouf 1893 no Pläng vum Architekt Bruce Price fir d'Eisenbunngesellschaft Canadian Pacific Railway am historistesche Stil (Neigotik- an Neorenaissance-Elementer) gebaut an huet der Chaîne Canadian Pacific Hotels gehéiert (zanter 2001 Fairmont Hotels and Resorts). 1943 gouf do d'Quadrant-Konferenz ofgehalen.
Den Hotel gouf nom Louis de Buade, Grof vu Frontenac a Palluau (1622–1698) genannt, dem bedeitendste Gouverneur vun der franséischer Kolonie Neifrankräich. E läit uewen op engem Hiwwel, iwwer dem Sankt-Lorenz-Stroum an dem Dall, wou d'Britte 1759 am Krich géint d'Fransouse gewonnen hunn, an doropshin d'Stad Québec iwwerholl hunn.
Am Alfred Hitchcock sengem Film I Confess ass de Château Frontenac e puermol ze gesinn a spillt eng wichteg Roll an der Schlusszeen.
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]Commons: Château Frontenac – Biller, Videoen oder Audiodateien |